Seng Priedegt huet de Poopst wéinst senger Krankheet zwar vun engem anere virliese gelooss, ma hien hat trotzdeem eng Iwwerraschung prett.

De Poopst François huet sech e Sonndeg iwwerraschend an der Ëffentlechkeet gewisen. Um Enn vun der Mass virun 20.000 Gleewege gouf de Chef vun der kathoulescher Kierch am Rollstull op d'Péitersplaz gefouert. "E schéine Sonndeg fir jiddereen. Merci", sot de Poopst mat ugestrengter Stëmm op italieenesch.

Virdrun hat den Äerzbëschof d'Priedegt vum Poopst virgelies. De Poopst François war virun zwou Wochen no 38 Deeg am Spidol zu Roum an de Vatikan zréckkomm. D'Mass am Kader vum Hellege Joer 2025 war de Kranke gewidmet.