Massiv international Kritik no déidlecher Attack op ukrainesch Stad Sumy
© AFP
No der russescher Attack op d'ostukrainesch Stad Sumy, bei där op d'mannst 34 Mënsche gestuerwe sinn, gëtt et international massiv Kritik.
Den US-President Trump huet e Sonndeg vun "enger schrecklecher Saach" geschwat. Den UN-Generalsekretär António Guterres huet sech "zudéifst schockéiert" gewisen. De viraussiichtlech nächste Bundeskanzler Friedrich Merz huet d'Attack als "Krichsverbriechen" verurteelt. Den ukrainesche President Selenskyj huet den Donald Trump iwwerdeem zu enger Visitt an der Ukrain agelueden, fir datt hie sech e Bild op der Plaz maache kéint.
"Ech denken, et war schrecklech", sot den Trump u Bord vum Presidentefliger Air Force One. "Mir gouf gesot, datt si e Feeler gemaach hunn. Mä ech denken, et ass eng schrecklech Saach. Ech denken, de ganze Krich ass eng schrecklech Saach." De Spriecher vum Nationale Sécherheetsrot, de Brian Hughes, sot, d'Rakéitenattack wier "eng kloer a brutal Erënnerung dorun", datt Verhandlungen néideg wieren, "fir dëse schreckleche Krich ze stoppen".
Weder den Trump nach d'Wäisst Haus hu Russland an hirer Kritik ernimmt. Den US-Ausseminister Rubio hat allerdéngs virdrun den "Affer vum haitege schreckleche russesche Rakéitenugrëff op Sumy" säi Bäileed ausgeschwat.
Déi russesch Arméi hat ukraineschen Informatiounen no zwou ballistesch Rakéiten op d'Stad Sumy geschoss. De lokale Rettungsdéngschter no goufe bei der Attack e Sonndeg op d'mannst 34 Mënschen ëmbruecht an 117 weiderer blesséiert, dorënner 15 Kanner.
D'Attack koum zwee Deeg no enger Entrevue vum US-Spezialbeoptraagte Steve Witkoff mam russesche President Putin. Iwwer d'Resultater vun de Gespréicher ass bis ewell näischt bekannt.
Den UN-Generalsekretär Guterres huet sech "zudéifst beonrouegt a schockéiert" gewisen an huet op e "Muster vun änlechen Attacken op ukrainesch Stied an de leschte Wochen" higewisen. Attacken op Ziviliste wieren "nom humanitäre Vëlkerrecht verbueden", huet hien nach betount.
Zanter e puer Woche steet Sumy verstäerkt ënner russeschem Beschoss, nodeems déi russesch Truppen d'ukrainesch Arméi aus der russescher Nopeschregioun Kursk zréckgedrängt haten. D'Stad, déi eng 50 Kilometer hannert der Grenz läit, war virdru vun heftege russeschen Attacke verschount bliwwen.