Bei der Läich, déi e Sonndegowend bei Weilbuerg an der Lahn fonnt gouf, handelt et sech ëm de sechs Joer ale Jong, deen zanter Enn Mäerz vermësst gouf.

Wéi d'Police vu Wiesbaden en Dënschdeg matgedeelt huet, hätte rechtsmedezinesch Analysen de Verdacht confirméiert, dass de Jong, deen zanter dem 25. Mäerz vermësst gouf, scho kuerz no sengem Verschwanne bei de Floss getrëppelt wier.

Bei der Obduktioun wiere keng Unzeechen dofir fonnt ginn, dass eng Strofdot de Grond fir den Doud vum Jong ass.

D'Police hat schonn no der Entdeckung vun der Läich um Sonndegowend matgedeelt, dass et sech mat "ganz héijer Warscheinlechkeet" ëm dee vermësste Fong handelt.