Trump zweiwelt u Putin sengem Wëlle fir Fridden

© AFP
Béid Staatscheffen hu sech e Samschdeg virun der Trauerfeier fir de Poopst François zu Roum gesinn.
Den US-President Donald Trump an den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj hunn um Bord vun der Trauerfeier fir de Poopst Franziskus zu Roum matenee geschwat. De Spriecher vum Trump Steven Cheung sot e Samschdeg, d'Treffe wier "ganz produktiv" gewiescht. Et war dat éischt Treffe vu béide Presidenten zanter dem Eclat am Wäissen Haus, bei deem den Trump gemeinsam mam Vizepresident JD Vance dem ukrainesche President Selenskyj viru lafende Kameraen e Manktem un Dankbarkeet fir d'US-Ënnerstëtzung reprochéiert hat.
Vum Spriecher vum ukrainesche President huet et geheescht, béid Staatscheffe wiere virun der Trauerfeier fir e kuerzt Gespréich zesummekomm. Am Laf vum Dag soll et nach een zweet Treffe ginn.
Den Trump an de Selenskyj, déi vun hire Frae Melania Trump an Olena Selenska begleet gi sinn, souze bei der Trauerfeier fir de Poopst op der Péitersplaz an der éischter Rei, awer net niefteneen.
Tëscht Kiew a Washington gëtt et weiderhi keng Eenegung iwwer d'Bedingunge fir eng méiglech Wafferou. D'US-Regierung huet virgeschloen, d'Frontlinn anzefréieren an d'russesch Kontroll iwwer déi 2014 annektéiert Hallefinsel Krim ze akzeptéieren. De Selenskyj huet dëst schonn e puer Mol ausgeschloss.
E Freideg hat den Trump erkläert, Russland an d'Ukrain wieren "no un engem Ofkommes". Virdrun hate sech den US-Spezialbeoptraagte Steve Witkoff an de Kreml-Chef Wladimir Putin zu Moskau getraff.
Trump dreet Russland mat Sanktiounen
Den US-President Donald Trump huet dem russesche President Wladimir Putin mat weidere Sanktioune gedreet. D'Verhale vum Kremlchef Putin géif him ze denke ginn, huet hien op sengem Online-Sproochrouer Truth Social wësse gedoen.
An engem Bäitrag huet hie sech fir d'éischt ofwäertend iwwer de Chefkorrespondent vun der "New York Times" geäussert, ier hien de Wëlle fir eng Eenegung vum Putin ugezweiwelt huet: "Ofgesinn dovu gouf et fir de Putin kee Grond, an de leschten Deeg Rakéiten op zivil Gebidder, Stied oder Dierfer ze schéissen", sou den Trump. "Ech denken, hie wëll dem Krich villäicht guer keen Enn setzen, ma mech nëmmen un der Nues rëmféieren a muss anescht behandelt ginn - duerch "'Banking' oder 'Sekundärsanktiounen'? Et stierwen ze vill Leit!!!"