"Et weist eis, wéi ofhängeg mir vum Stroum an Internet sinn"

© AFP
Duerch déi vill Ausfäll am Stroum-, Internet- a Telefonsnetz ass et nëmme schwéier méiglech, mat de Leit op der Plaz a Kontakt ze trieden.
Trotzdeem konnte mir mam Stéphane Marques Ferreira schwätzen, engem Immobilienagent an der Algarve, deen zu Lëtzebuerg opgewuess ass an elo zu Armação de Pêra lieft.
Zënter e Méindeg de Mëtteg ass d’Algarve vun engem massive Stroumausfall betraff, genee wei aner Deeler vu Südeuropa. Eng Erausfuerderung, déi hien an där Form nach ni erlieft huet.
"Ech war grad an engem Haus fir Fotoen ze maachen, well d'Wunneng fir ze verloune sollt ausgeschriwwe ginn," erzielt de Stéphane. "Op eemol gouf et däischter am Haus, de Stroum war fort."

© Stéphane Marques Ferreira
Am Ufank huet hie gemengt, et wier just lokal, mee wéi och ee Mataarbechter him gemellt huet, dass näischt méi géif funktionéieren, ass séier kloer ginn, dass et sech ëm e méi groussen Ausfall handelt.
"Duerno hunn och aner Leit aus anere Regiounen ugeruff a gesot, si hätten och kee Stroum méi."
D’Kommunikatioun ass immens schwéier ginn, well net nëmmen de Stroum, mee och d’Internet- an Telefonsnetzer reegelméisseg ofbriechen. Wéinst dëser onsécherer Situatioun hu si decidéiert, de Büro zouzemaachen. Besonnesch problematesch fir si ass, dass e Méindeg vill Leit an der Algarve ukommen, déi an hir Wunnengen oder Vakanzenappartementer wëllen. Ouni Stroum a mat limitéierter Kommunikatioun wier dat eng grouss Erausfuerderung.
"Et ass eng Situatioun, wéi ech se nach ni erlieft hunn. Et weist eis, wéi ofhängeg mir am Alldag vum Stroum an dem Internet sinn," betount de Stéphane.
D'Lokalautoritéiten hunn uginn, dass et dräi bis véier Deeg kéint daueren, bis d’Situatioun sech normaliséiert. Op ville Plazen hu Mënsche keen Zougang zu Waasser, well d’Pompelen ouni Stroum net funktionéieren. Donieft hu vill Supermarchéë schonn am Nomëtteg missen zoumaachen.
Op de Stroosse wier keng Panik ausgebrach awer "virun de Supermarchéë, déi nach op waren, hunn sech laang Schlaangen gebilt", sou de Stéphane. D'Leit maache sech Suergen, wéi et an den nächste Stonnen a Deeg virugeet.

Och den ëffentleche Verkéier war vum Stroumausfall betraff, sou wéi hei an enger Metrosstatioun zu Lissabon. / © Stringer / Anadolu / Anadolu via AFP