"Och als klengt Land eng Plus-value fir d'ukrainesch Verdeedegung sinn"
D’Arméi- a Verdeedegungsministesch Yuriko Backes an den Vizepremier an Ausseminister Xavier Bettel ware jo fir een Dag op Kyiv gereest.
Am Gepäck, virop finanzielle Support, ma net just...Well schliisslech ass eng ganz Delegatioun ugereest. Also nieft den zwee Ministeren och nach eng Rei héichrangeg Vertrieder aus dem Defense- an dem Ausseministère an 11 Journalisten. Dat géing weisen, dass de Grand-Duché net just e Scheck ausstellt, ma och solidaresch ass.
De Xavier Bettel:“Déi Echoen déi mer kritt hunn, sinn Echoen, déi eng Freed maachen. Wa si soen, dass et wichteg wier, dass si eis gesinn, dass mer si motivéieren, wann ee bedenkt wat si erliewen... an dass duerch eng Lëtzebuerger Presenz vun der Madam Backes a vu mir, dass si soen mir hätten hinne Mutt ginn, fir weiderzemaachen. Dat mécht Freed. Mee du But war ganz einfach, hinnen ze soen, dass mer si net vergiess hunn an dass mer si och elo net vergiessen. A mir hunn haut Plaze gesinn, an dir och, wou mer gesinn, wat blann Attacke géint Zivilpopulatiounen heescht.”
Och wann een kéint mengen, dass 10 Millioune méi am Lëtzebuerger Defense-Budget fir d’Ukrainer just eng Drëps op de waarme Steen ass, sou huet Kyiv awer ganz konkret gesot, dass si d’Ënnerstëtzung vum Grand-Duché immens appreciéiert hunn, erkläert d’Yuriko Backes.
Visitt an der Ukrain: Eng kuerz Rees, déi 1.000 Impressiounen hannerléisst
“Ouni elo direkt ze froen, si hätten gär dat oder dat. Ech mengen, mir wëssen wat se brauchen. Genau dat probéieren mir hinnen och ze liwweren. A si hunn och gefrot, fir dat wat mir maachen a verschiddene Beräicher, dass mer dat och bäibehalen an dat wëlle mer natierlech och bäibehalen, voir hinnen op deenen Domainen, wou mir och wierklech kënnen eng eng Plus-Value bidden, si weider z’ënnerstëtzen. An dat ass mir och wierklech wichteg z’ënnersträichen, well et gesäit een, dass och mir als klengt Land, mir eng Plus-Value fir si, fir hir eege Verdeedegung kënne liwweren an do huet een wierklech gesinn, dass si eis immens dankbar sinn.”
Donieft kritt Lëtzebuerg och eppes vu Kyiv. An der ukrainescher Arméi sinn nämlech iwwer 20 Prozent Fraen engagéiert. Dat och un der Front. Doraus kann ee vill léieren, seet d’Arméi- an Gläichstellungsministesch.
“Net nëmmen un der Front. Si sinn och an den Entreprisen, déi entretemps ganz vill vun de Frae geleet ginn. Mee aner Saachen: zum Beispill d’Uniformen, wou d’Ukrainer wierklech e Schratt viraus sinn, fir speziell Uniforme fir Fraen an der Arméi ze hunn. Dat ass och eppes, wou mer an Europa kënnen draus léieren an draus geléiert hunn. Well Fraekierpere sinn anescht. Frae sinn net just kleng Männer. Si sinn anescht gebaut. An fir besser kënnen um Terrain ze sinn, musse mer eis de Fraekierperen och upassen.”
Am Ganzen huet Lëtzebuerg der Ukrain also 10 weider Milliounen verséchert am Kader vum Defense-Budget. Donieft 10 Milliounen déi an den Nees-Opbau solle gestach ginn. Do geet et virop ëm Energie-Infrastrukturen. Och d’Fondatioun vum Olena Selenska, der Fra vum ukrainesche President Selenskyi, kritt eng Millioun Euro. Domat gëtt Kanner gehollef, déi am Krich traumatesch Erfarungen gemaach hunn.
Wien Detailer iwwer déi ganz Rees op Kyiv wëll kréien, also Impressioune vun der Plaz, dee kann e Freideg den Owend einfach nach eemol d'Tëlee umaachen. Eis Journalistin Annick Goerens wäert do live um Plateau sinn, fir iwwer hir Erfarungen ze schwätzen.