Maldivesche President hält Pressekonferenz vu 15 Stonnen

© Maldives President Office/AFP/
Ugaange war d'Pressekonferenz vum President Mohamed Muizzu e Samschdeg um 6 Auer eiser Zäit an huet bis kuerz virun 21 Auer gedauert.
Insgesamt waren et 14 Stonnen a 54 Minutten, allerdéngs mat kuerze Pause fir Gebieter dotëscht. De Rekord vun der längster Pressekonferenz hat do virdrunner den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj, deen 2019 wärend 14 Stonne virun der Press geschwat huet.
An der Pressekonferenz ass et ëm d'Roll vun der Press an der Gesellschaft gaangen. De Muizzu huet dobäi ënnerstrach, wéi wichteg Fakte-baséiert, ausgeglach an onparteiesch Presseaarbecht wier. Kontext vun der Pressekonferenz war d'Publikatioun vum Pressefräiheet-Ranking vu Reporter ouni Grenzen leschte Freideg. An dësem konnten d'Maldiven sech ëm zwou Plazen, vun der 106. op déi 104., verbesseren.