E Freideg hat de Bundesverfassungsschutz déi ganz AfD als "geséchert rietsextreem" aklasséiert.

Kuerz éier déi nei däitsch Bundesregierung de 6. Mee mam offiziellen "Zapfenstreich" agelaut gëtt, huet d’Inneministesch Nancy Faeser e wichtege Schrëtt am Kampf géint de Rietsextremismus gemaach: D’Bundesamt fir Verfassungsschutz stuuft d’AfD elo a ganz Däitschland als "geséchert rietsextrem" an. Bis elo war dat de Fall fir d’Landesverbänn an Thüringen, Sachsen a Sachsen-Anhalt.

"Denn die AfD verfolgt erwiesenermaßen Bestrebungen gegen die freiheitlich-demokratische Grundverordnung. Die AfD vertritt einen ethnischen Volksbegriff, mit dem ganze Bevölkerungsgruppen diskriminiert werden", sou d’Nancy Faeser.

Dës Decisioun ass d’Resultat vun engem ca. 1.000 Säite laange Rapport, dee virun allem d’rassistesch Rhetorik, d’Ausgrenzung vu Mënsche mat Migratiounshannergrond an d’Proximitéit vun der Partei zu rietsextremen Gruppéierunge betount.

Fir d’AfD bedeit déi nei Astufung, dass de Verfassungsschutz elo vill méi wäitreechenden Zougrëff zur Iwwerwaachung vun den interne Kommunikatiounen huet: Ab elo kënnen zum Beispill Observatiounen a V-Leit, also inoffiziell Informanten, agesat ginn. Den AfD-Bundesspriecher a Fraktiounschef vun der Bundestagsfraktioun Tino Chrupalla:

"Man sieht, wie man politisch hier agiert. Das ist die alte Bundesregierung, die uns vier Tage vor der neuen Regierung dieses Label aufstempeln will. Wir sind die umfragestärkste Partei und haben die Bundestagswahl erfolgreich abgeschlossen. Damit will man uns diskreditieren und difammieren. Das ist ein schwarzer Freitag für die Demokratie in Deutschland."

D'AfD huet ugekënnegt, rechtlech Schrëtter géint des Decisioun anzeleeden.
Fir déi ca. 52.000 Membere vun der Partei kéint des Decisioun Konsequenzen hunn: Zum Beispill kéint déi nei Astufung vun der Partei als rietsextreem derzou feieren, dass Beamten a Mataarbechter am ëffentlechen Déngscht iwwerpréift ginn oder zum Beispill Aschränkunge fir Mënsche mat Waffeschäi gëlle kënnen. Déi genee Konture stinn allerdéngs nach net eendeiteg fest.

E komplett Verbuet vun der Partei ass awer net automatesch den nächste Schrëtt. Dem Grondgesetz no kann d’Bundesverfassungsgeriicht esou e Verbuet nëmmen ausstellen, wann d'Partei aktiv dorop ofzielt, déi fräi an demokratesch Gronduerdnung ze eliminéieren an et konkret Indikatioune fir eng aggressiv, kämpferesch Haltung gëtt. Zousätzlech mussen d'Beweiser dofir ouni Afloss vum Staat zustane komme, also ouni den Afloss vun Informanten oder Undercover-Enquêteure gesammelt ginn.