D'Lëtzebuerger Entitéit vu Goodyear, Goodyear Opérations zu Colmar Bierg, gëtt a Frankräich ugeklot.

Dat huet den zoustännege Riichter zu Besançon en Dënschdegowend decidéiert.
 
Hannergrond sinn deels déidlech Accidenter mat Camionen, zu deenen et tëscht 2014 an 2016 komm ass. Déi involvéiert Camione ware mat feelerhafte Pneue vu Goodyear equipéiert.

De Pneueproduzent muss sech ënnert anerem wéinst onfräiwëllegen Doutschlag an Täuschung bei der Qualitéit vun engem Produit veräntwerten. Am Raum sti Strofe bis zu 10% vum Chiffre d'affaires vu Goodyear.
 
Eng Porte-Parole vu Goodyear sot Noriichtenagencen, datt de Pneueproduzent mat den Enquêteure wéilt zesummeschaffen.