Neies an der Affär ëm d'Goodyear-Camionspneuen en Donneschdeg

© Domingos Oliveira - Archivbild
De Procureur vu Besançon a Frankräich wäert en Donneschdeg de Moien de Point maachen zu den Ermëttlungen an der Affär ëm d'Goodyear-Camionspneuen.
Produktiounsfeeler hunn zu schlëmmen Accidenter gefouert. D'Ermëttlunge waren hei 2016 wéinst onfräiwëllegem Doudschlag lancéiert ginn.
Am Kader vun der Pressekonferenz wäert de Procureur matdeelen, wou d'Ermëttlungen dru sinn. Eventuell och, ob et zu enger Uklo an deem Dossier kënnt, a wa jo, géint wien. Concernéiert si kéint souwuel Goodyear als Entreprise, wéi och eenzel Persounen.
An der Affär ëm d’Goodyear-Pneue geet et ëm Honnerten Accidenter tëscht 2011 an 2016, bei deenen och Mënschen ëm d'Liewe komm sinn. Anerer goufe schwéier blesséiert. Opgefall war bei den Accidenter, dass déi involvéiert Camione mat engem bestëmmten Typ vu Goodyear-Pneuen ekipéiert waren. Dës goufe majoritär am Wierk zu Colmar-Bierg hei am Land produzéiert.
De Parquet vu Besançon a Frankräich hat 2016 eng Enquête lancéiert, fir festzestellen, ob de Konzern sécherheetsrelevant Informatiounen zréckgehalen huet, fir seng Reputatioun ze schützen. Am Raum steet de Reproche vun onfräiwëllegem Doudschlag. Zwar hat et wuel en Ëmtausch-Programm tëscht 2013 an 2016 fir déi entspriechend Pneue-Modeller ginn, ma et war ni betount ginn, dass dëst aus Sécherheetsgrënn wier. Dat och nodeems schonn 2014 an engem Rapport d'expertise iwwert en déidlechen Accident e Produktiounsfeeler festgestallt gi waren.
D'Affär war an d'Rulle komm duerch d’Sophie Rollet, déi hire Mann 2014 an engem Accident verluer hat, wou och engem Camion e Pneu geplatzt war. Sie hat festgestallt, dass dëst keen Eenzelfall war, mee méiglecherweis en Deel vun engem Skandal. Si hat doropshi Beweiser gesammelt an 2016 eng Plainte zu Besançon deposéiert. Nodeems d'Affär duerch journalistesch Aarbecht méi public gi war, hunn och Whistleblower vu Goodyear Informatioune geliwwert, déi d'Recherche weidergedriwwen hunn.
Am Mee zejoert goufe Perquisitiounen op Sitte vu Goodyear a Frankräich, der Belsch an och zu Lëtzebuerg duerchgefouert. Dës goufen elo ausgewäert, fir erauszefannen, wat Goodyear iwwert d'Sécherheetsdefaute bei de Pneue wousst. D'Ermëttlungen hate sech besonnesch op dräi Accidenter konzentréiert tëscht 2014 an 2016, bei deene véier Leit ëm d'Liewe komm waren. Och hei haten onofhängeg Expertisen erginn, dass d'Pneue wéinst engem Produktiounsfeeler versot hunn. Doriwwer eraus goufe véier weider Fäll analyséiert, déi awer scho strofrechtlech verjäert sinn.