Goodyear SAS Lëtzebuerg a Goodyear SAS Frankräich wäerten den 13. Mee zu Besançon a Frankräich vum Untersuchungsriichter gehéiert ginn.

An der Affär ëm eng bestëmmte Gamme vu Goodyear-Camionspneuen, déi geplatzt sinn a sou zu schwéieren Accidenter gefouert hunn, huet de Procureur vu Besançon a Frankräich, den Etienne Manteaux, de Point virun der Press gemaach.

Point iwwer d'Goodyear-Affär / Reportage Diana Hoffmann

Den 13. Mee wäerte Representantë vun der SAS Goodyear Frankräich a vun der SAS Goodyear Opérations Lëtzebuerg zu Besançon vum Untersuchungsriichter gehéiert ginn.
 
Virop, ob et zu enger Uklo komme wäert, ass nach net sécher. Ermëttelt gëtt a 7 Affären, wou Leit bei Accidenter ëm d'Liewe koumen oder schwéier blesséiert goufen. Ëmmer war e Camion mat bestëmmte Gamme vu Goodyear-Pneuen involvéiert. 2016 goufen d'Ermëttlungen zu Besançon wéinst onfräiwëllegem Doudschlag opgeholl an 2022 relancéiert. Dëse Reproche eleng geet dem Procureur Etienne Manteaux awer net duer.
 
"Ce qui est apparu au cours de l'information judiciaire, c'est une pratique de dissimulation beaucoup plus systémique d'éléments connus de la société dès 2013. En effet, dès cette année-là, Goodyear a mis en place en Espagne des programmes d'échange à destination de ses clients."
 
Goodyear hätt fréizäiteg vun de Sécherheetsrisike bei de bestëmmte Pneue gewosst. Blouf awer bei engem fräiwëllegen Ëmtauschprogramm, deen 2014 a Frankräich ugelaf ass. Am selwechte Joer ass et am Juli zu engem déidlechen Accident komm, well nees e Pneu vun der Gamme geplatzt war. Deemno gëtt och wéinst Täuschung iwwert d’Qualitéit vun dem Produit an täuschend Geschäftspraktiken ermëttelt.
 
Bis haut soll Goodyear eng 50 Prozent vun de concernéierte Camions-Pneuen duerch hire Programm gewiesselt hunn.
 
"Ce qui est assez singulier, c’est qu’il m’a été récemment rapporté que certaines références de ces pneumatiques sont encore disponibles à la vente sur des sites de pneus d’occasion. Pas en France, certes, mais dans certains pays d’Europe de l’Est, on trouve encore ces modèles en circulation."
 
Um Enn kéinten déi zwou Entitéite vu Goodyear, déi elo nächst Mount gehéiert ginn, zu enger Geldstrof vu bis zu 10 Prozent vun hirem Chiffre d'Affaire verklot ginn. Dass individuell Responsabel an deem Dossier kéinten identifizéiert ginn, hält de Procureur fir illusoresch.
 
Fir d’Sophie Rollet, déi di ganz Affär un d’Rulle bruecht hat, nodeems si hire Mann 2014 an engem Accident verluer hat, wou engem Camion e Goodyear-Pneu geplatzt war, ass dat, wat si haut héieren huet, just e schwaachen Trouscht.
 
"Honnêtement, je me fiche de l’amende. Aujourd’hui, je sais — et j’affirme — que certains de ces pneus sont encore en circulation. Et c’est cela qui me préoccupe profondément, dans mon âme, en tant qu’ancien sapeur-pompier professionnel. Je sais ce que c’est d’intervenir sur ce type d’accident."
 
Dat eenzegt, wat fir si zielt, ass, dass endlech en offizielle Réckruff an Europa kënnt, fir déi feelerhaft Pneuen aus dem Verkéier ze zéien. Ëmmer nach si se op der Strooss an an der Vente ze fannen.

Dat 10 Joer nom Enn vun der Produktioun.