Taxichauffere fäerten ëm hir Existenz

Grond ass de Projet vun der neier Tarifikatioun vun der Krankekeess fir den Transport vu Patienten.
Zanter 6 Deeg streiken d’Taxien zu Paräis a produzéiere Réckstau bis op d’Lëtzebuerger Grenz. Nei Tarifikatioune léise bei villen Taxichaufferen grouss Frustratiounen aus: Si fäerten ëm hir Existenz.
Des Woch hu ronn Dausend Taxichauffeuren zu Paräis an och an anere Stied a Frankräich gestreikt. De Grond ass de Projet vun der neier Tarifikatioun vun der Krankekeess fir den Transport vu Patienten.
D’lescht Joer sinn d’Käschte fir de Krankentransport op 6,74 Milliarden Euro geklommen, an Zil wier et duerch e forfaitären Tarif an duerch Covoiturage dësen Taux erofzesetzen. Der Fédération Nationale des Taxis no riskéieren d’Taxibetriber tëschent 30 a 40 Prozent vun hirem Ëmsaz ze verléieren, wann dës Reform ëmgesat gëtt.
"Moi j’ai trois salariés, si demain je n’ai plus de 90 % de sécurité sociale je n’ai plus de salariés, donc ça engage quand même les familles, on sera obligé de licencier on va tout vendre à moindre cout parce que ça ne vaudra plus rien chez nous et on ne pourra plus survivre".
Fir dogéint ze protestéieren, blockéieren d’Taxichauffere Stroossen an der Haaptstad, ënnert anerem d’Deplacementer fir bei déi d’Flughäfen an déi grouss Garen. Och de gréisste Flughafen a Frankräich, de Charles-de-Gaule, ass vun dësem Streik betraff.
Doriwwer eraus koum et am Ëmkrees vun der Haaptstad zu enger sougenannten ‘’Opération escargot’’ woubäi d’Taxischauffere bewosst zu honnerteen de Verkéier fir a Paräis era blockéiert hunn. Ma net just do gouf et sou Aktiounen. E Méindeg huet et duerch eng Protestaktioun am Grenzgebitt ob der A31 bis ob Lëtzebuerg zeréck gestaut.
Mat responsabel fir d’Opreegung vun den Taxichaufferen ass d’Konkurrenz vun de VTC Entreprisë wéi Uber oder Bolt:
"Ils viennent à Roissy ils chargent devant nous, c’est normal ? Vous trouvez ça normal? Et en plus ils font des prix beaucoup plus cher que nous. Ca prend des touristes à 120 euros, 130 euros, et nous on a des forfaits on fait une heure et demie de trajet. Donc à un moment donné on accepte certaines choses mais on ne peut pas tout accepter’".
Den Transportministère hätt proposéiert dës Entreprisë méi streng ze kontrolléieren. Allerdéngs wier et no den Aussoe vun der porte parole vum franséische Gouvernement, Sophie Primas, onwarscheinlech dass de Projet vun der neier Tarifikatioun ofgeschaf gëtt, vu dat doduercher ëm déi 100 Milliounen Euro kënne gespuert ginn.