Chauffer soll ënner Drogenafloss gestanen hunn

© AFP
De Mann, de mat sengem Auto zu Liverpool an e Grupp Leit gerannt war, hat wuel Droge geholl. Him gëtt versichte Mord a Fueren ënner Drogenafloss virgeworf.
D'Police vu Liverpool huet en Dënschdeg nei Detailer zum uerge Virfall vun e Méindeg matgedeelt, bei deem e Mann mat sengem Auto a Leit gerannt war, déi an de Stroossen de Championstitel am Futtball vum LFC gefeiert hunn.
Den Autoritéiten no hat den 53 Joer ale Britt wuel Droge geholl, woufir him nieft versichtem Mord och Fueren ënner Drogenafloss reprochéiert gëtt.
Geschitt war de Virfall um Enn vun der Parad fir de Championstitel vum FC Liverpool. De Mann wier mat sengem Auto hannert enger Ambulanz duerch eng Stroossespär gefuer, déi kuerz virdrun opgehuewe gi war an ass an d'Mënschemass gerannt. 65 Mënsche waren dobäi blesséiert ginn, eelef dovu goufen och en Dënschdeg nach am Spidol behandelt. Si wieren awer a stabillem Zoustand, heescht et vun der Police.
De Mann konnt nach op der Plaz festgeholl ginn. En terroristescht Motiv hat d'Police séier ausgeschloss. An engem ongewéinleche Schrëtt haten d'Ermëttler ausserdeem nach e Méindeg den Owend matgedeelt, datt de presuméierten Täter en 53 Joer ale wäisse Britt wier. Eigentlech äussert sech déi brittesch Police net zu den ethneschen Originne vu Verdächtegen - elo wollt si wuel Rumeuren an Online-Netzwierker entgéintwierken.
Zejoert ware bei enger Messerattack vun engem jonke Mann op Kanner op engem Taylor-Swift-Danzcours zu Southport Rumeuren zu der Identitéit vum Täter verbreet ginn. Doropshi war et zu Onroue komm, déi sech virun allem géint Asyldemandeure geriicht hunn.