UN-Palästinenserhëllefswierk kritiséiert nei Hëllefsorganisatioun

© AFP
No chaoteschen Zeene mat Dosende Blesséierte bei engem Zenter fir Hëllefsgidder an der Gazasträif kritiséiert d'UNRWA déi nei Stëftung.
"Ech halen et fir eng Verschwendung vu Ressourcen an eng Oflenkung vu grujelegen Doten", sot de Chef vum UN-Palästinenserhëllefswierk UNRWA Philippe Lazzarini e Mëttwoch a Japan. De Lazzarini huet op de System fir Hëllefsliwwerunge verwisen, deen et scho gëtt a "säin Zweck erfëlle" géing. D'humanitär Communautéit an der Gazasträif, inklusiv der UNRWA, wier bereet, d'Liwwerungen z'iwwerhuelen. "Mir hunn d'Erfarung an d'Expertis, fir Mënschen an Nout z'erreechen", sot de Lazzarini. "An der Tëschenzäit tickt d'Auer a Richtung Hongersnout".
Bei engem Stuerm op de Verdeelzenter vun der neier Hëllefsorganisatioun Gaza Humanitarian Foundation (GHF), déi vun den USA ënnerstëtzt gëtt, waren en Dënschdeg UN-Informatiounen no 47 Mënsche blesséiert ginn. Déi meescht dovun hätte Schosswonne gehat, heescht et vum UN-Mënscherechtsbeoptraagte fir d'Palästinensergebidder, den Ajith Sunghay. Sengen Informatiounen no wieren et Schëss vun der israeelescher Arméi gewiescht.
Och e Spidol zu Chan Junis huet AFP-Journaliste confirméiert, datt "iwwer 40 Blesséierter an d'Nasser Spidol" ageliwwert gi wieren. D'Majoritéit vun hinne wier duerch israeelesch Schëss blesséiert ginn, op d'mannst ee Blesséierte wier antëscht gestuerwen.
D'israeelesch Arméi huet d'Reprochen zréckgewisen. D'Zaldoten hätte just "Warnschëss an d'Loft ofginn" an nëmmen "am Gebitt baussent" dem Verdeelzenter. D'Schëss wieren "a kengem Fall géint d'Mënsche" geriicht gewiescht.