En Donneschdeg de Moien um 11.15 Auer krut d'EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen zu Oochen an der Gemeng de Karlspräis iwwerreecht.

Mat derbäi bei der traditioneller Präisiwwerreechung op Christi Himmelfaart war och de Lëtzebuerger Premier Luc Frieden, dee virun zwee Deeg an enger Ried zu Oochenënnert anerem op déi negativ Konsequenze vun nationale Grenzkontrollen agaangen ass a betount huet, et kéint een net roueg si par rapport zu der humanitärer Katastroph an der Gazasträif.

De Karlspräis, dee Perséinlechkeeten an Institutiounen auszeechent, déi eppes Besonnesches fir Europa an déi europäesch Eenheet geleescht hunn, feiert dëst Joer säi 75. Anniversaire. Zu de bekanntste Laureaten zielen de verstuerwene Poopst François an de franséische President Emmanuel Macron.

De fréiere Lëtzebuerger Premier Jean-Claude Juncker gouf 2006 mam Karlspräis geéiert an och d'Lëtzebuerger Vollek als Ganzt gouf 1986 geéiert.

Zejoert goung d'Auszeechnung un de Groussrabbiner Pinchas Goldschmidt an déi jiddesch Communautéiten an Europa.

Dee Präis wier déi gréisst Éier an hirem Liewen, sot d'Ursula von der Leyen an hirer Ried. Virum Hannergrond vun de ville Krisen weltwäit huet si sech fir e méi staark, gëeenten an onofhängegt Europa ausgeschwat.

D’Ursula von der Leyen huet an deem Kontext véier grouss Aufgabe fir Europa genannt: Virop d’Fäegkeet, sech kënnen ze verdeedegen, zweetens Innovatioun a Kompetitivitéit, drëtt Prioritéit wier eng nächst historesch Reunifikatioun duerch eng Erweiderung vun der EU mat Länner ewéi der Ukrain, Moldawien, oder vum Westbalkan. Véiertens misst d’Demokratie erneiert a gestäerkt ginn.