Premier Luc Frieden huet eng Ried fir de Karlspräis zu Oochen gehalen
De berüümte Karlspräis feiert dëst Joer seng 75 Joer. De Präis geet déi Kéier un d'EU-Kommissiounscheffin Ursula Von der Leyen.
Fir déi Geleeënheet huet de Premier Luc Frieden en Dënschdeg zu Oochen eng Ried iwwer Europa gehalen. An der Ried huet hien zeréckgebléckt, mee och beschriwwen, wéi sech déi geopolitesch Realitéiten an de leschte jore geännert hunn. "Elo ass d'Zäit fir Europa, seng eege Souveränitéit zeréckzefuerderen an säin eegene Wee ze zeechnen", sot de Lëtzebuerger Premier a senger Ried. Ma dat géif net bedeiten, sech egoistesch just op seng eegen Interessen ze fokusséieren.
Déi nei US-Regierung hätt kloer gewisen, datt si en neie Kurs an enger Rei Beräicher aschloen. Et misst een elo dru schaffen, déi historesch Partnerschaft ze erhalen. Russland hätt iwwerdeems Konfrontatioun amplaz vu Kooperatioun gewielt a géif wéineg Zweiwel loossen, datt dem Land seng Ambitiounen iwwer d'Ukrain erausginn. Verschiddener géinge mengen, datt Europa géing ënnergoen, dofir misst een dofir suergen, datt Europa grad elo erwächt. De Lëtzebuerger Premier huet dann och zu enger Wafferou am Krich an der Gazasträif opgeruff.
Alles dat géif Europa viru ganz nei Erausfuerderunge stellen, esou de Luc Frieden zu Oochen. Ma alles an allem wier den Objektiv vum europäesche Projet nach ëmmer deen nämmlechten: Fridden. De Luc Frieden huet och d'Grenzkontrollen am Schengen-Raum ugeschwat, déi seriö Konsequenzen hätten.
Déi offiziell Iwwerreechung vum Karlspräis ass dann en Donneschdeg am Kréinungssall vun der Oochener Märei, an och do ass de Lëtzebuerger Regierungschef dobäi. Dat deelt de Staatsministère en Dënschdeg mat.
De Premier géif vun der Geleeënheet profitéieren, mat den anere Gäscht aus der Politik informell iwwer "déi grouss Dossieren an der politescher Aktualitéit um europäeschen an internationalen Niveau" ze schwätzen, heescht et weider. E Mëttwoch steet fir de Luc Frieden dann eng kuerz Visitt zu Eindhoven an Holland um Plang, wou hien d'Entreprise ASML, déi ënner anerem Halbleiter produzéiert.
Schonn eng ganz Rei Lëtzebuerger ënnert den illustere Gewënner
Lëtzebuerg huet iwweregens eng laang Verbindung mam Karlspräis, dee wéi gesot zanter 75 Joer an der Karlsstad Oochen iwwerreecht gëtt. Dat Lëtzebuerger Vollek (1986) an déi fréier Lëtzebuerger Premiere Jean-Claude Juncker (2006) a Joseph Bech (1960) goufe schonn ausgezeechent. De Robert Schuman, deen zu Lëtzebuerg gebuer gouf, krut de Präis am Joer 1958.
Beim Lëtzebuerger Vollek war et 1986 d'Begrënnung, datt dat klengste Land an der Europäescher Communautéit zu den "iwwerzeegten Europäer vun der éischter Stonn" zielt an datt Lëtzebuergesch Politiker "wichteg Bäiträg zu der Europäescher Eenheet" geleescht hunn. De Grand-Duc Jean huet de Karlspräis deemools stellvertriedend fir d'Awunner vum Grand-Duché zu Oochen ugeholl.