Nodeems de Match eriwwer war, si Fans op d’Spillfeld gestiermt. Si goufe vu Polizisten zréckgedréckt. Dobäi goufen de Wues an ee vun de Goler beschiedegt.

D’Victoire vu Paris Saint Germain an der Champions League huet uechter Frankräich fir chaotesch Zeenen an Onroue gesuergt, bei deenen zwee Leit ëm d’Liewe komm sinn.

Emol a Südfrankräich, wou e 17 Joer jonke Mann bei enger Fan-Feier erstach gouf. D’Motiv ass nach net kloer. Zu Paräis gouf ee Mann, deen op engem Scooter ënnerwee war, vun engem Auto ugestouss an déidlech blesséiert.

An der franséischer Haaptstad huet d’Police eng 490 Leit festgeholl - a ganz Frankräich waren et der ronn 560. Iwwer 260 Autoen hätte gebrannt, heescht et vun den Autoritéiten.

E Polizist aus der Normandie läit am kënschtleche Koma, well e wuel e Knuppert an d’Ae krut, an zu Grenoble ass eng Persoun mat engem Auto an d’Leit gefuer. Dëst war wuel awer net express.

RTL