Duerch Meenungsverschiddenheete ronderëm d'Asylpolitik huet sech de Geert Wilders aus der Regierungskoalitioun mat de Parteie BBB, VVD an NSC zréckgezunn.

En Dënschdeg de Moien huet de Rietspopulist Geert Wilders annoncéiert, datt hie mat senger Partei PVV aus der hollännescher Regierungskoalitioun austrëtt. Op der Plattform X huet hie sech kuerz no der Annonce selwer ze Wuert gemellt: "Keng Ënnerschrëft fir eis Asylpläng. D'PVV verléisst d'Koalitioun." Duerch dës Decisioun wäert et an Holland zu Neiwale kommen.

Scho virum Broch gouf et an der Véier-Parteie-Koaltioun PVV, BBB, VVD an NSC Meenungsverschiddenheeten, virun allem ronderëm d'Asyl- a Migratiounspolitik. An de leschten Deeg hat de Wilders deemno och scho mat engem méiglechen Austrëtt gedreet. De Rietspopulist hat en Zéng-Punkte-Plang presentéiert, deen hie bannent deenen nächste puer Wochen duerchsetze wollt. Ënner anerem gouf dora gefuerdert, d'Grenze fir Leit mat enger Demande d'Asyl zouzemaachen, méi streng Grenzkontrollen unzeuerdnen an d'Expulsioun vu verurteelte Stroftäter mat duebeler Staatsbiergerschaft duerchzesetzen. Op deem Wee sollten dem Wilders no "zéngdausende vu Syrer" an hiert d'Land zréckgefouert ginn.

Duerch dës radikal Pläng war eng éischt Kris an der grousser Koalitioun ausgebrach, déi elo mam Austrëtt vun der PVV an déi domat verbonnen Neiwalen en neien Héichpunkt erreecht huet.

Bei de Parlamentswalen am November 2023 hat déi rietspopulistesch PVV déi meescht Stëmme krut a war mat 37 vun 150 Sëtz stäerkst Kraaft am Parlament. No zéie Koalitiounsverhandlungen hat de Geert Wilders entgéint dem eegene Wonsch op de Poste vum Regierungschef verzicht, fir datt d'Regierung mat deenen anere Parteien zestane komme kéint. Als Regierungschef gouf deemools den Dick Schoof ernannt.