Äerdbiewe vun der Stäerkt 5,3 net wäit vu Kreta

© AFP Archivbild
Op en Neits huet an der Ägäis spierbar de Buedem gebieft. Dës Kéier war d'Insel Kreta betraff.
En Dënschdeg an der Mëttesstonn huet südëstlech vun der griichescher Vakanzeninsel Kreta de Buedem gewackelt. D'Biewen, dat e puer Sekonne laang gedauert huet, hat eng Stäerkt vu 5,3 op der Richterskala. Dat mellt den Noriichtesender ERTnews, dee sech op de Geodynamischen Institut Athen berifft.
Iwwer Schied oder Blesséierter ass bis ewell nach näischt bekannt. Eng gréisser Panik wier ausbliwwen, heescht et vun de lokale Pompjeeën.
Eréischt en Dënschdeg de Moien hat de Buedem un der tierkescher Westküst mat enger Stäerkt vu 5,8 gebieft. Den Epizenter louch hei bei gutt 60 Kilometer ënnert dem Mieresbuedem. E Meedche vu 14 Joer hat wéinst dem Äerdbiewen eng Panikattack a wier spéider am Spidol verscheet, sou de Gouverneur Idris Akbiyik op der Plattform X. Eng 69 Persoune goufe blesséiert, vill vun hinnen, well si a Panik aus Fënstere gespronge wieren.