E Jong vun 12 Joer, deen op engem E-Scooter virun der Police flüchte wollt, gouf vun engem Déngschtwon ugestouss an ass gestuerwen.

Geschitt ass dat Ganzt zu Bréissel wärend enger Policekontroll. D'Kand, dat op enger Elektrotrottinett ënnerwee war, wollt virun de Beamte flüchten, wéi de Parquet matgedeelt huet. D'Polizisten hätten de Jong du mam Déngschtwon verfollegt.

Der Noriichtenagence Belga no gouf d'Kand an engem Park vum Policeauto erfaasst an dobäi schwéier verwonnt. Déi alarméiert Secouristen hätten d'Kand reaniméiert kritt, dat dunn an e Spidol komm wier, wou et gestuerwen ass.

Wéi et zu dësem Accident komme konnt, ass dem Parquet no nach onkloer. D'Ermëttlunge lafen an et gouf eng Unité spéciale op de Fall gesat. D'Police hätt sech Belga no nach net zum Virfall geäussert an op den zoustännege Parquet verwisen.