Zu Tréier koum et op en Neits zu engem Groussalarm an enger Schoul. Et ass scho fir d'Zweet an enger Woch.

En Dënschdeg de Moien hätten 49 Schüler aus der Nelson Mandela Realschule Plus iwwer gereizten Otemweeër geklot. D'Pompjeeë goufen direkt alarméiert, déi fir e Groussasaz ausgeréckt sinn, sou d'Tréierer Autoritéiten.

Fënnef Schüler wieren duerch Reizgas blesséiert ginn. Si goufen op der Plaz versuergt a koume fir eng weider Behandlung an d'Spidol.

All déi aner Schüler souwéi d'Léierpersonal haten d'Gebai kuerz verlooss bis sämtlech Raimlechkeeten ënnersicht a kontrolléiert waren. Dono konnt den Unterrecht nees weidergoen. Wien fir de presuméierte Reizgas verspreet huet, ass onkloer. Et wéisst een och net, ëm wéi ee Reizstoff et sech gehandelt hätt. D'Police huet d'Ermëttlunge lancéiert.

E Méindeg schonn war et zu engem änleche Virfall komm an där Schoul. Do ware siwe Persoune liicht blesséiert ginn. Och hei waren d'Pompjeeë geruff ginn, nodeems Schüler sech iwwer gereizte Otemweeër beschwéiert haten.