Lénke Kandidat Lee Jae Myung viraussiichtleche Gewënner vu Presidentiellen

© AFP / Anthony Wallace
Säi Géigekandidat, de konservative Kim Moon Soo, huet Medien no seng Néierlag och schonn akzeptéiert.
De Lee huet entretemps och senge Wieler Merci gesot. Hie géif alles maachen, fir "déi grouss Responsabilitéit an Aufgab z'erfëllen", déi him uvertraut gouf. No der Auszielung vun ronn der Hallschent vun de Votten, louch hie mat 49% däitlech vir, par-rapport zu 42,6% fir de Kim. Mat 79,4% war d'Walbedeelegung a Südkorea déi héchst zanter 1997.
De virgezunne Walen a Südkorea war d'Ofsetzung vum Yoon Suk Yeol als President am Dezember virausgaangen. Dësen hat jo wéinst engem Sträit ronderëm de Staatsbudget kuerzzäiteg d'Krichsrecht am Land deklaréiert a sech am Uschloss a senger Residence mat private Sécherheetsleit verbarrikadéiert, ier e festgeholl gouf. De Prozess géint hie leeft den Ament nach.