Iwwer 1.000 Kilogramm Sprengstoff sinn en Dënschdegmoien ënner Waasser un engem Pilier vun der Bréck gezünt ginn.

Den ukrainesche Geheimdéngscht huet dës Attack revendiquéiert an och confirméiert, datt d'"Kertsch-Bréck" riskéiert, an e Koup ze falen. Et ass entretemps déi drëtt Attack op d'Breck, déi déi ukrainesch Hallefinsel Krim mam ukrainesche Festland verbënnt, zanter dem Ufank vum Krich an der Ukrain. Ziviliste si bei der Aktioun, déi dem SBU no wärend Méint virbereet gouf, eegenen Aussoen no net zu Schued komm.

Den Attentat op déi 19 Kilometer laang Bréck kënnt nëmmen zwee Deeg nodeems et der Ukrain gelonge war, e wichtege russesche Loftwaffestëtzpunkt a Sibirien mat Dronen unzegräifen an eng Dose Kampffligeren ze zerstéieren. Insgesamt 117 Drone sollen dem ukrainesche President Selenskyj no dobäi zum Asaz komm sinn.