Muslimesch Pilgerrees "Hadsch" huet zu Mekka ugefaangen
Wäit iwwer eng Millioun Gleeweger wäerte vun e Mëttwoch u fir den Hadsch op Mekka pilgeren.
Dat grousst Evenement gehéiert zu de fënnef Saile vum Islam an ass all Joer an der saudiarabescher Stad Mekka. All gleewege Moslem, dee gesond ass an et sech leeschte kann, soll op d'mannst eemol am Liewen un dëser Pilgerfaart deelhuelen. Dobäi ginn déi Gleeweg ëm de Kabba, e Gebai an der Form vun engem Wierfel am Zentrum vun der Grousser Moschee a maache wärenddeem verschidde reliéis Ritualer.
Déi saudiarabesch Autoritéite wëlle verhënneren, datt et an dësem Joer zu enger änlecher Katastroph kënnt wéi 2024, wéi bei Temperaturen iwwer 51 Grad Celsius wärend dem Hadsch iwwer 1.300 Pilger ëm d'Liewe koumen. Dausende vu Sanitäter sinn am Asaz, honnerte vu Maschinnen, déi Waasserniwwel produzéieren, goufen opgestallt a vill Plazen, déi am Schied leien, goufen ageriicht. Kënschtlech Intelligenz soll bei der Iwwerwaachung an dem Steiere vun der Mënschemass hëllefen.