Zu Köln hunn 20.000 Leit mussen evakuéiert ginn, well dräi Weltkrichsbomme entschäerft goufen.

Kuerz no 19.30 Auer e Mëttwochowend huet d'Stad Köln da matgedeelt, dass d'Evakuéierung opgehuewe wier. Déi dräi Bommen, déi e Méindeg bei Aarbechten op engem Chantier fonnt goufen, wieren erfollegräich entschäerft ginn. De Sécherheetsperimeter mat engem Ëmfang vun 1.000 Meter, deen dofir ageriicht gouf, ass deemno opgehuewen an déi evakuéiert Leit kënnen nees an hir Haiser a Wunnengen zeréck.

D’Evakuatioun hat e Mëttwoch de Moien 8 Auer ugefaangen. Eng 20.500 Awunner, genee wéi eng sëllege Leit, déi am Beräich vum Perimeter ëm d'Alstad schaffen, ware betraff. Et huet sech ëm déi gréissten Evakuéierung zanter dem Enn vum Zweete Weltkrich zu Köln gehandelt. Ënnert anerem ee Spidol, zwee Altersheemer, d'Gare "Köln Messe/Deutz", d'Gebaier vum däitschen RTL, d'Philharmonie an néng Schoule ware betraff.