Elon Musk mat ongewéinlech schaarfer Kritik un Trump-Gesetzesprojet

© AFP/Archiv/Allison ROBBERT
Um Kuerznoriichtendéngscht X huet den Tech-Milliardär a fréiere Beroder am Wäissen Haus e Projet de Loi vun der Trump-Regierung schaarf kritiséiert.
D'Gesetzespropos, déi den Ament am Senat soll diskutéiert ginn, gesäit ënner anerem vir, datt déi massiv Steierbaissen aus dem Trump senger éischter Amtszäit als US-President vun 2017 bis 2021 solle verlängert ginn. Dës sollen duerch drastesch Kierzunge bei der Krankeversécherung Medicaid ausgeglach ginn, déi virun allem akommesschwaach an eeler Persounen ofséchert. Experten no géif d'Gesetz de budgetären Defizit vun den USA bannent den nächsten 10 Joer ëm bis zu dräi Billiounen US-Dollar vergréisseren.
Den Elon Musk hat den ëmstriddene Projet de loi schonn Enn Mee kritiséiert a sech "enttäuscht" doriwwer gewisen. US-Bierger géife just mat nach méi Scholden "erdréckt" ginn, sou den Tesla-Chef. En Dënschdeg huet hien dann an engem Post op X den Entworf als "degueulasse Abscheilechkeet" bezeechent. Den Donald Trump, deen dat neit Gesetz "Big Beautiful Bill" gedeeft huet, drängt den US-Senat dozou, d'Gesetz duerchzewénken, dat trotz Kritik och aus den eegene Reien.
Op d'Kritik vum Elon Musk huet en Dënschdeg dem Trump seng Spriecherin Karoline Leavitt am Wäissen Haus reagéiert an erkläert, dës géif d'Decisioun vum US-President net beaflossen. Hie géif "d'Haltung vum Elon Musk zu dësem Gesetz" kennen, ma trotzdeem dorunner festhalen.
An deene leschte Méint war den Elon Musk a senger Positioun als Beroder am Wäissen Haus a Chef vun der Agence "DOGE", déi déi staatlech Depensë soll kierzen, reegelméisseg um Donald Trump senger Säit ze gesinn. Enn Mee ass hie vun där Positioun zeréckgetrueden.