Rezent Aussoe vum ukrainesche President Selenskyj a sengem russeschen Homolog Putin maache wéineg Hoffnung a Richtung vun enger Wafferou an der Ukrain.

Esou huet de Wolodymyr Selenskyj e Mëttwoch gesot, dass eng weider Gespréichsronn zu Istanbul mat der aktueller russescher Delegatioun sënnlos wier. Hie géif der russescher Säit wuel gleewen, dass si et mat engem weidere Gefaangenenaustausch eescht mengt. Dëse kéint schonn de Weekend iwwert d'Bün goen. Ma et hätt kee Sënn d'Gespréicher zu Istanbul fortzeféieren, wa Russland seng Delegatioun net géing wiesselen. D'Leit, déi Russland dës lescht an der Tierkei vertrueden hunn, hätten net déi néideg Autoritéit, fir iwwer eng Wafferou ze verhandelen.

Iwwerdeems mellt déi russesch Noriichtenagence "Tass", dass de Wladimir Putin sengersäits der Ukrain reprochéiert, net eeschthaft un engem Fridden interesséiert ze sinn. Dat géingen déi rezent Attacken an de Regioune Kursk a Brjansk weisen. Dës wieren Terrorattacke gewiescht, déi sech géint Ziviliste geriicht hätten. En Vue dovu wier e Waffestëllstand an nächster Zäit wéineg warscheinlech.