Wéinst de massive Bëschbränn a Kanada hunn d'Autoritéite weider Evakuéierungen ordonéiert.

Bis e Mëttwoch haten iwwer 31.000 Persounen Zäit, sech virun de Flamen a Sécherheet ze bréngen. A ganz Kanada kämpfen d'Pompjeeën antëscht géint méi wéi 200 Bränn. Iwwer 2,2 Milliounen Hektar Land si schonn zerstéiert ginn an iwwer d'Hallschent vun de Bränn sinn nach net ënner Kontroll.

Am stäerkste betraff sinn d'Provënzen Saskatchewan a Manitoba am Zentrum vum Land. Do gëllt schonn zanter Deeg den Ausnamezoustand. D'Awunner hätte "grouss Angscht", sou en Hotelier, deen zu La Ronge a Saskatchewan en Hotel bedreift a bliwwen ass, fir de Pompjeeën a Secouristen do en Ënnerdaach unzebidden. Déi komplett Stad gouf evakuéiert.

Et hätt een et mat engem "Monster" ze dinn. Déi lescht Stonne wiere "chaotesch" gewiescht, heescht et vun de Pompjeeë vu La Ronge. An där Regioun ginn et déi meescht Bränn.

Nieft de Flamen ass och d'Verschlechterung vun der Loftqualitéit, déi antëscht an Zentralkanada souwéi am Norde vun den USA festgestallt gouf, eng Gefor.

Provozéiert goufen déi meescht Bränn, well Leit net opgepasst, a Lagerfeieren net gutt genuch ausgemaach hunn. D'Klima hätt sech verännert an a Kanada wier et ëmmer méi waarm an dréchen, sou dass de Risk fir schro Bëschbränn klëmmt. 2023 gouf et déi bis ewell schlëmmste Bëschbränn. Iwwer 15 Milliounen Hektar Land si verbrannt, 8 Pompjeeë koume ëm d'Liewen an 230.000 Mënschen hu missen evakuéiert ginn.