Läich vu jonker Fra net wäit vu Lëtzebuerger Grenz a Rheinland-Pfalz fonnt

© Steil-TV
Wéi d'Police vun Tréier matdeelt, gouf en Donneschdeg de Moien eng Fraeläich bei Hermeskeil fonnt, eng 30 Kilometer vun der Lëtzebuerger Grenz fort.
Een Zeien hätt d'Läich vun der 28 Joer aler Fra en Donneschdeg géint 5.30 Auer net wäit vun engem Wee laanscht d'L151 bei Hermeskeil fonnt. Rettungsdéngschter an den Noutdokter konnte just nach den Doud vun der jonker Fra feststellen.
D'Police vun Tréier huet Ermëttlungen am Fall opgeholl. Indicen zu de méiglechen Ëmstänn vun der Fra hirem Doud huet d'Police an hirer initialer Kommunikatioun net ginn.Ma kuerz no 17 Auer en Donneschdegmëtteg huet d'Noriichtenagence AFP gemellt, dass d'Enquêteuren dovun ausginn, dass d'Fra ëmbruecht gouf. Beim presuméierten Auteur vun der Dot soll et sech ëm e 34 Joer ale Bekannte vum Affer handelen. Dëse wier den Ament op der Flucht.
D'Tréierer Zeitung "Trierischer Volksfreund" hat scho méi fréi um Donneschdeg gemellt, datt et Unzeechen dofir géif, datt d'Fra Affer vun engem Verbrieche gi wier.