Wa Package stëmmt, wäert "Lëtzebuerg Palästina unerkennen"
Wann et um Terrain hëlleft an et Israel eng gewësse Sécherheet gëtt, dann ass et "dee richtege Moment", esou de Lëtzebuerger Ausseminister.
"Wann de Package stëmmt, solle mer matmaachen." Den Ausseminister Xavier Bettel huet en Donneschdeg de Moien d’Deputéiert vun der aussepolitescher Chamberkommissioun iwwert déi franséisch-saud-arabesch Initiativ informéiert, fir en dauerhafte Fridden am Noen Osten z’erreechen an eng Zwou-Staate-Léisung tëscht Israel a Palästina ze fannen. An deem Kontext gëtt also d’Unerkennung vu Palästina als onofhängege Staat diskutéiert, wann dann d’Konditiounen erfëllt wieren.
Deemno gëtt e gewëssen Revirement an der Positioun vum Lëtzebuerger Ausseminister. Virun engem Joer war fir hien de Moment net opportun, fir Palästina zesumme mat Spuenien, Irland a Norwegen als onofhängege Staat unzëerkennen. Lo soll dat Deel vum Package sinn, dee 15 Länner diskutéieren. Zu de Konditiounen vun deem Package gehéiert ënnert anerem, datt d’Hamas-Leader an den Exil ginn, datt eng Deradikaliséierung an de Schoule gemaach gëtt, an datt Neiwalen ofgehalen ginn.
D’Reaktioun vun de Parteien an der Chamber fält gemëscht aus:
Den David Wagner vun déi Lénk erënnert drun, datt d’Chamber schonn 2014 eng Motioun geholl hat, fir Palästina unzëerkennen, ma d’Lëtzebuerger Regierungen hätten zanter méi wéi 10 Joer ni den opportune Moment dofir fonnt. D’Konditiounen, déi elo gesat ginn gesäit hie kritesch:
"Wann ech mer dee Package ukucken, dat, wat mer gesot kruten, dann hunn ech den Androck, datt en dofir gemaach ass, fir iergendwéi eng Excuse ze fannen, fir et net ze maachen."
Déi Gréng an d’LSAP stelle fest, datt et eng ganz Rei Onkloerheete gëtt. Zum Beispill wien déi aner Länner sinn, déi matmaachen. Den LSAP-Deputéierte Franz Fayot mengt dozou:
"Et sinn eng ganz Rei Konditionalitéiten dran, déi bal net anzehale sinn. Mir mengen, datt et am Fong e Beweis ass, datt d’Lëtzebuerger Regierung net wierklech engagéiert ass, fir eng Unerkennung vu Palästina an och net wierklech engagéiert ass, fir hei kritesch vis-à-vis vun Israel an deem schreckleche Konflikt do ze maachen."
Och d’Sam Tanson vun déi Gréng bedauert, datt d’Regierung keng méi eng kloer Positioun vis-à-vis vun Israel géing huelen. Am Géigendeel wier gesot ginn, wie méi eng haart Linn vis-à-vis vun der israeelescher Regierung géing verlaangen, hätt näischt verstanen:
“Ech denken, et gesäit een all Dag um Terrain, datt et eng extreem ugespaante Situatioun ass. Datt Leit stierwen, datt Leit ëmbruecht ginn, datt d’Leit keen Zougang hunn zu Iessen an zu Drénken. An do kann een net eng normal Relatioun mat enge israeelescher Regierung hunn."
Och de Laurent Mosar vun der CSV stellt fest, datt "d’Situatioun a Gaza de Moment eigentlech total inakzeptabel ass, Zoustänn do sinn, déi ee schwéier kann erdroen och wat d’Zouféiere vun Hëllefsmëttel ubetrëfft an dofir muss een, mengen ech, och ganz grouss Hoffnung an déi Konferenz zu New York setzen."
De President vun der aussepolitescher Kommissioun, den DP-Deputéierte Gusty Graas, huet allerdéngs drop higewisen, datt déi Konditiounen net vun haut op muer wäerten erfëllt sinn. Als Beispill huet hien den Exil fir d'Leader vun der Hamas genannt:
“Mir wëssen, datt dat eng richteg Positioun ass. Mee fir datt déi kann an der Realitéit ëmgesat ginn, dat wäert net esou einfach ginn. Lëtzebuerg ass bereet, mat op dee Wee ze goen. Lëtzebuerg ass och bereet, Palästina da gegebenfalls als onofhängege Staat unzëerkennen, mee dat setzt awer och Viraus, datt dee Pak da muss acceptéiert ginn."
De Fred Keup vun der ADR gesäit d’Initiativ positiv:
"Ech mengen, datt hei d’Regierung lo awer eppes proposéiert huet, wat mir ënnerstëtzen, mat gudde Konditiounen, mat engem Package, dee muss erfëllt sinn. An da kënne mer déi Unerkennung maachen. Ech ginn Iech e Beispill: Et ass evident, datt wann déi westlech Länner Palästina unerkennen, da mussen och all déi arabesch Länner Israel unerkennen. Dat si gerecht a raisonabel Moossnamen, déi do virgesinn sinn."
De Xavier Bettel hat en Donneschdegmoien no der Kommissiounssitzung virun der Press gesot, hie wier der Meenung, datt d’Unerkennung vu Palästina net zum Schluss vun engem ganze Mechanismus kéint kommen. Soss géif ee riskéieren, datt Israel decidéiert, wéini den opportune Moment fir d’Unerkennung vu Palästina wier.
D’Konferenz en Vue vun enger Zwee-Staaten-Léisung geet de 17. Juni zu New York bei der Uno un.

© Ghislain Federspiel