Uechtert d’Welt bereet de Krich an der Ukrain nach ëmmer ville Leit Suergen. Dëst bedeit dann och, dass d’Ausgabe fir d’Defense erhéicht ginn.

Sou ass elo en neie Plang a Groussbritannien um Dësch. De Premier Keir Starmer war an deem Kontext a leschter Zäit méi dacks an de Schlagzeilen. Zanter der ukrainescher Géigenoffensiv a Russland reagéieren d’Politiker uechtert d’Welt dorop. Sou dann och de Keir Starmer, deen dës Woch am Parlament bekannt ginn huet, wat seng Pläng si fir déi no Zukunft.

Korrespondenz vu London - Defense-Augaben a Groussbritannien

Ënnerstëtzt gouf hie bei sengem Debat vum britteschen Defense-Minister John Healey, deen ënnerstrach huet, dass mir ons elo an enger neier Ära vu Bedreeung befannen an dëst da verlaangt, dass d’Defense vun der Insel muss ugepasst ginn. De Starmer insistéiert, dass méi a méi staark Ofschreckmëttel gebraucht ginn, fir souwuel déi mënschlech, wéi och déi ekonomesch Konsequenze vun engem Krich gréisstméiglechst ze verhënneren.
 
De brittesche Premier huet méifach betount, dass d’Gefor, déi Russland presentéiert, net dierf ënnerschat ginn. Dëst zemools elo net, wou d’Ukrain eng erfollegräich Géigenoffensiv ausgeüübt huet. Et wier immense wichteg, dass d’Arméi prett wier, fir ze kämpfen. 
 
De Plang fir dat nächst Joerzéngt huet e puer wichteg Punkten. Sou soll beispillsweis d’Royal Navy verschiddenaarteg Maschinne benotze kënnen, ënnert anerem Fligere, Dronen, Krichsschëffer an U-Booter fir den Nordatlantik ze patrulléieren. Eng méi "déidlech" Arméi soll op d’Bee gestallt ginn, dës soll entstoen a Kombinatioun vun Defense am Loftraum, artifizieller Intelligenz, Langstreckewaffen an Dronen. 
 
Programmer déi ausgeschafft ginn, deelweis a Kollaboratioun mat Australien an Amerika, sollen dann och dozou bäidroen, dass méi Aarbechtsplaze geschafe ginn. D’Arméi selwer soll dann och ausgebaut ginn, mat 76.000 Zaldoten no 2029. De Budget fir Waffen an anert Equipement soll op 11 Billioune Pond d’Joer gehuewe ginn, fir d’Frontlinn aus ze stafféieren. 
 
Allerdéngs hu vill Leit bemängelt, dass nach kee genauen Datum bekannt ginn ass, wéini genau de Budget vun der Defense géif gehéicht ginn. En neien Defense Investissement-Plang soll dann am Hierscht op den Dësch kommen, sou den Healey.