Den däitsche Kanzler Friedrich Merz gouf en Donneschdeg vum US-President Donald Trump zu Washington D.C. begréisst.

Dat mat engem Handschlag virum Wäissen Haus. No dëser frëndlecher Begréissung stoung dann e Gespréich tëscht dem amerikanesche Staats- an dem däitsche Regierungschef am Oval Office um Programm. Bei dëser Geleeënheet huet den Donald Trump dann erkläert, dass hien eng "groussaarteg" Relatioun mat Däitschland géing ustriewen. Ausserdeem huet hien déi geplangten Hausse vun den däitsche Verdeedegungsausgabe gelueft. Hie wéisst, dass Däitschland elo vill méi Sue fir d'Defense géing ausginn an dat wier eng gutt Saach, sou den US-President a Richtung Merz.

Donald Trump wëll e "gutt Handelsofkommes"

Iwwert de Friedrich Merz selwer huet den Donald Trump da gesot, dass dësen e "schwieregen" Uspriechpartner awer e "groussaartege Vertrieder vun Däitschland" wier. Weider huet et vum US-President geheescht, dass hien am Sträit ëm d'Importtaxen op e "gutt Handelsofkommes" mat der EU géing setzen.

Donald Trump als "Schlësselfigur" fir de Fridden an der Ukrain

Den däitsche Regierungschef huet da sengersäits erkläert, dass Däitschland den USA vill ze verdanken hätt. Dat géing een nimools vergiessen. Dem US-President seng däitsch Wuerzelen wieren eng gutt Basis fir eng enk Kooperatioun tëscht béide Länner. Dës däitsch Wuerzelen huet de Friedrich Merz dann och nach eng Kéier mat engem Kaddo un den US-President ënnerstrach. Hien huet dem Donald Trump de Gebuertsschäi vun dësem sengem däitsche Grousspapp iwwerreecht,

Aussepolitesch huet de Friedrich Merz virun allem d'Roll vun den USA am Krich an der Ukrain ervirgestrach. Den Donald Trump wier "eng Schlësselfigur", fir eng friddlech Léisung vum Konflikt ze fannen. Gläichzäiteg huet de Kanzler de President dozou opgeruff, méi Drock op Russland auszeüben. Vum Donald Trump huet et dozou geheescht, dass hie "ganz haart" géing reagéieren, wann d'Kämpf net géingen ophalen. Dat géing allerdéngs fir béid Konfliktparteie gëllen.