Véier Leit, dorënner ee Kand, bei Feier an Appartementshaus ëmkomm

© Francois Nascimbeni
Op d'mannst véier Leit sinn an der Nuecht vun en Donneschdeg op e Freideg an der franséischer Stad Reims bei engem Feier ëm d'Liewe komm.
Bis ewell ass confirméiert, datt véier Leit, dräi Erwuessener an ee Kand, gestuerwe sinn. Wéi et vun den Autoritéiten heescht, gëtt nach e weidert Kand vermësst.
D'Feier war géint 0.30 Auer um véierte Stack vum Wunntuerm ausgebrach an huet sech séier op déi Stäck driwwer iwwert d'Fassad verbreet. Nieft de véier Doudege mellen d'Autoritéiten zwee schwéier blesséiert Erwuessener a ronn eng Dosen aner Leit, Kanner an Erwuessener, déi liicht blesséiert goufen.
Géint 7 Auer e Freideg de Moien hunn d'Pompjeeë matgedeelt, datt d'Feier eriwwer wier. Och hätt ee quasi dat ganzt Gebai scho konnten ofsichen, Ausnam wier een Appartement, an deem de Schued däitlech méi grouss ass wéi an den anere Wunnengen. Den definitive Bilan kéint een awer eréischt zéien, wann och dës Wunneng duerchsicht gi wier.
Dat betraffent Gebai, wat schwéier beschiedegt gouf, huet 11 Stäck an op all Stack si véier Wunnengen. Vum Procureur vu Reims heescht et, datt eng Enquête lancéiert gouf. "Et gëtt aktuell keng Hypothees, wat de Grond vun dësem Brand ass", esou de François Schneider géintiwwer AFP.
Wéi et aus der Märei heescht, wieren eng 15 Pompjeesween am Asaz gewiescht an ronn 62 Pompjeeën. Weider ware 40 Polizisten op der Plaz an néng Leit vum Rettungsdéngscht. Déi vum Feier betraffe Leit goufen an enger Sportshal vun den Ekippe vum Roude Kräiz betreit.