Beamten aus der EU-Kommissioun sollen Ëmweltaktiviste fir Plainten a Campagnë géint Betriber bezuelt hunn.

Dat mellt d’Welt am Sonntag, déi Abléck a geheim Kontrakter huet. Deemno solle Milliounen u Steiersue benotzt gi sinn, fir d’Ëffentlechkeet vun der EU-Klimapolitik ze iwwerzeegen. Verschidden ONGe solle bis zu 700.000 Euro krut hunn.

Déi Suen hätten d’Organisatiounen deemno benotzt, fir zum Beispill Bedreiwer vun däitschen Atomkraaftwierker a Prozesser ze verstrécken an domat hir finanziell Risiken eropzedreiwen. Aner ONGen hätte Sue kritt, fir géint d’Fräihandelsofkommes Merkosur ze kämpfen.