Humanitäert Schëff "Madleen" gouf vun den israeeleschen Autoritéiten ëmgeleet

© Photo by UWE ANSPACH / DPA / dpa Picture-Alliance via AFP
Den israeelesche Verdeedegungsminister huet d'Arméi ugewisen, d'Arrivée vun engem Seegelschëff mat Mënscherechtsaktivisten u Bord z'ënnerbannen.
D’humanitäert Schëff "Madleen" mat der schwedescher Aktivistin Greta Thunberg gouf vun den israeeleschen Autoritéiten ëmgeleet, esou dass d'Boot déi Blockéiert an der Gazasträif net erreecht huet. Zil vun den Aktivisten ass et, op d'Hongersnout am Gaza opmierksam ze maachen.
Den israeeleschen Ausseministère huet e Méindeg de Moien e Video vun den Aktiviste beim Iessen um Schëff gepost a geschriwwen: d'Passagéier vun der "Selfie Yacht" wieren onverletzt an a Sécherheet.
D'Leit u Bord sollen nees an hir Länner geschéckt ginn.
D'Seegelschëff vun der sougenannter "Freedom Flotilla" war leschte Sonndeg vu Sizilien aus a Richtung Gazasträif gestart, fir do, sou déi franséisch-palestinensesch EU-Deputéiert Rima Hassan, déi israeelesch Blockad fir Hëllefsleeschtungen an de konstante "Vëlkermord" an der Regioun ze kritiséieren. Dës Deputéiert vun der lénker Partei LFI ass awer wéinst hiren Aussoen a Frankräich ëmstridden. Ënnert anerem gouf hir am Februar d'Arees an Israel am Kader vun enger EU-Parlamentsrees net erlaabt.
Schonn Ufank Mee wollt d'Greta Thunberg mat engem Schëff vu "Freedom Flotilla" an d'Gazasträif reesen, ma d'Schëff gouf allerdéngs um Wee dohinner beschiedegt. Aktiviste ginn dovunner aus, dass Israel d'Schëff mat enger Dron attackéiert huet. D'Thunberg hat an der Vergaangenheet ëmmer nees u pro-palestinensesche Protester deelgeholl.