Dräi Deeg scho gëtt zu Los Angeles protestéiert a sech géint dem Trump seng Migratiounspolitik gewiert. D'Situatioun verschäerft sech vun Dag zu Dag.

D'Demonstrante si mat den Zaldote vun der Nationalgard uneneegeroden. Wéi verschidde Medie mellen, sollen déi ronn 300 Zaldoten Tréinegas géint d'Manifestanten agesat hunn an och Matraquen. D'Police dogéint mellt, d'Leit hätte vereenzelt Fläschen a Steng op d’Sécherheetsautoritéite geheit. Et wier zu Festname komm.

Datt d'Situatioun eskaléiert, huet och eng australesch Journalistin um eegene Leif ze spiere kritt. D'US-Korrespondentin Lauren Tomasi, déi fir "9 News" bericht huet, ass nämlech an d'Viséier vun de Sécherheetsleit geroden, déi géint d'Demonstrante virgaange sinn.

Op engem Clip op der Plattform X ass ze gesinn, wéi d'Journalistin grad eng Uso mécht an dovu schwätzt, wéi sech d'Lag esou séier verschlechtert huet an d'Police op Päerd géint d'Leit virgeet an, datt och Gummimunitioun an den Asaz kéim. Grad wéi d'Kamera mat hir zesummen no lénks geet, gesäit ee wéi e Polizist op d'Journalistin ziilt an ofdréckt.

Den US-President huet iwwert de Kapp vum kalifornesche Gouverneur Gavin Newsom ewech, d'Nationalgard op Los Angeles geschéckt. An enger Erklärung denoncéieren demokratesch Gouverneuren dowéinst en alarmante Muecht-Abus vum Trump. Esou Mesure géifen ebe grad dofir suergen, dass d'Situatioun eskaléiert, sou den Newsom.

E groussen Undeel vun den Awunner zu Los Angeles huet hispanesch Originnen oder sinn am Ausland gebuer.

E Sonndeg am spéiden Owend hunn d'Sécherheetsautoritéiten e Versammlungsverbuet fir den Zentrum vu Los Angeles verhaangen.