Wärend Nations-League-Finall
Mann fält zu München vun der Tribün an den Doud

© AFP
Wärend der Finall vun der Uefa-Nations League e Sonndeg den Owend tëscht Spuenien a Portugal koum et zu München zu engem tragesche Virfall.
E Supporter ass do vun der Tribün gefall. Hie wier aus dem mëttleren Deel op enger Trap am Presseberäich opkomm, wéi d'bayresch Police e Méindeg matgedeelt huet.
Den aktuellen Ermëttlungen no ginn et keng Hiweiser op eng Strofdot.
Geschitt wier dat Ganzt géint 23 Auer wärend dem Match an der Munich Football Arena. Fir de Mann aus dem bayresche Landkrees Garmisch-Partenkirchen koum all Hëllef ze spéit. Hien ass nach op der Plaz u senge schroe Blessure verscheet. Zum Alter vum Mann huet d'Police keng Aussoe gemaach.
Am meeschte gelies