Méi wéi 30.000 Awunner hunn an de leschten zwou Wochen a Kanada missen evakuéiert gi wéinst schwéiere Bëschbränn.

Antëscht sinn 2,2 Milliounen Hektar verbrannt an d’Situatioun ass bis op Weideres net an alle betraffene Provënzen ënner Kontroll. D’Pompjeeën um Buedem zielen op d’Ënnerstëtzung aus der Loft. Mam Kim Wickler ass och ee Lëtzebuerger Helikopterpilot den Ament a Kanada am Asaz. De Petz Bartz hat d’Geleeënheet, mat him ze schwätzen.

De Kim Wickler huet 4 Joer Erfarung gesammelt als kommerziellen Helikopterpilot a Kanada, nodeems e seng Formatioun a Québec ofgeschloss hat. Bei de Schäin dobäi koum dunn nach speziellen Training mat engem Instrukter, well den Asaz bei Bëschbränn iwwert déi normal Piloteformatioun erausgeet. Schlecht Visibilitéit an a Punkto Thermik staark Turbulenzen am Déiffluch iwwert Flächen, déi a Flame stinn. Fir den Ament ass de Kim Wickler zu Kenora am Weste vun Ontario baséiert.

Eng weider Erausfuerderung ass och d’Koordinéierung am Loftraum, wou gläich e puer Helikopter plus Läschfliger zäitgläich ënnerwee sinn, a Géigenden, wou keen Tower d’Situatioun iwwerwaacht.

Fir de Kim Wickler bitt Kanada méi Opportunitéiten als Helikopterpilot wéi Lëtzebuerg. Iergendeng Kéier sinn och déi uergste Bränn geläscht, mee da mussen erëm Aarbechter op entleeë Plazen an d’Pampa bruecht ginn oder Televisiounssender brauche Biller vun uewen.