Steiert Polen an ongewëssen Zäiten op e politesche Blockage duer?
Eng Woch ass et hier, datt de Rietspopulist Karol Nawrocki mat net emol engem Prozentpunkt Virsprong d'Presidentschaftswale fir sech entscheet huet.
An et besteet keen Zweiwel: deen designéierte President setzt elo schonn op Konfrontatioun a Widderstand géint de pro-europäesche Regierungschef Donald Tusk.
D’polnesch Soziologin Paulina Hojny sträicht ervir: "Historisch gesehen gab es noch nie zwei Kandidaten mit so einem winzig kleinen Unterschied."
Wou an de grousse Stied d'Leit virop liberal, pro-europäesch gewielt hunn, iwwerdeems d'Polen um Land konservativ gewielt a sech fir d'Nationalisten entscheet hunn.
Walen, bei deenen natierlech och de Krich am direkten Nopeschland, der Ukrain, eng Roll gespillt huet. Wou den Nationalist Nawrocki Positioune vum Trump iwwerholl huet.
"Dass d'Ukrainer net genuch Merci soen, wat jo u sech net stëmmt. An dass et problematesch ass, dass de Krich weidergeet. An engems seet en awer och, dass d’Positioun vu Russland ganz problematesch ass an eng Menace ass fir ganz Europa. Dat heescht, et ass esou en duebelen Discours.", esou d’Analys vum Karolina Markiewicz, Professer a Soziale Wëssenschaften.
Ronn 7.000 Kilometer trenne Warschau a Washington. An awer kéint d'Polnesch Diaspora an den USA um Enn mat den Ausschlag ginn hunn. D’Soziologin Paulina Hojny ënnersträicht, datt traditionell déi konservativ Fraktioun ëmmer d’Stëmmen aus Chicago kréie géif, do, wou eng grouss polnesch Diaspora ass.
Walen, déi zu enger, wéi een a Frankräich soe géif, Cohabitatioun féieren. Tëscht engem nationalistesche President, an engem liberale Premier. Sou war et schonn zanter 2023. Just dat den neie President Karol Nawrocki vill méi aggressiv op de Premier Donald Tusk duergeet.
"Das politische System erlaubt einem Präsident ein Veto einzulegen. Um dieses Veto zu überstimmen, braucht das Parlament über 60% der Stimmen. Und die Regierung von Donald Tusk, die Koalition, hat nicht diese 60%." D’Paulina Hojny geheit d’Fro op, déi sech vill Pole stellen. "Wie funktioniert unser Land weiter?"
E Land, deem et u sech den Ament gutt geet. Wirtschaftlech, mat wéineg Inflatioun, manner Chômage wéi zum Beispill Lëtzebuerg. Dat awer gesellschaftlech gespléckt ass.
"Ganz vill Leit hu Polen erëm entdeckt, wéi e staarkt Land, wat sech positionéiert mat Däitschland, mat Frankräich un deene gréissten Diskussiounen. Par Rapport zu der Sécherheet oder zu der Verdeedegung. Ech mengen, am Moment kéint et kippen, mee et kann awer och bleiwen. Et ass onsécher.", esou d’Karolina Markiewicz
Huet de Premier Donald Tusk nach dat néidegt Vertrauen? Déi Fro misst séier beäntwert ginn. E Vott am Parlament zu Warschau ass fir e Mëttwoch ugesat. Ee Feeler hätt de Pro-Europäer wuel a leschter Zäit gemaach: Net méi haart genuch ze soen, wat d'EU Pole bréngt.