Géint 10 Auer koum et an enger Schoul zu Graz an Éisträich zu engem Amoklaf, wéi en Täter an zwou Klassen ëm sech geschoss huet.

Op d'mannst zéng Persoune si bei dësem Ugrëff ëm d'Liewe komm. Dorënner wiere véier Meedercher aus engem fënnefte Schouljoer an dräi Jonge vun enger Huitième. Och Léierpersonal soll ënnert den Affer sinn. D'Police huet confirméiert, dass et sech beim Täter ëm e Schüler géing handelen, dee sech duerno op der Toilette vun der Schoul selwer erschoss hätt. Schwéierblesséiert wier eng zweestelleg Zuel u Leit, véier Persoune wieren an engem ganz kriteschen Zoustand, si sollen an de Kapp geschoss kritt hunn. En Dënschdeg den Owend koum d'Nouvelle, datt eng vun de verwonnte Persounen un hire Blessure gestuerwen ass.

Net geséchert ass d'Ausso, dass den Ugräifer sech als Mobbingaffer gesi soll hunn. Onkloer ass de Moment och nach, ob hien eleng gehandelt huet. Eng Rei Ekippe vun der Spezialunitéit Cobra si ronderëm d'Schoul am Asaz. Schüler, déi flüchte konnten, dierften entretemps bei hiren Eltere sinn. Kuerz no 12 Auer koum d'Nouvelle vun der Police, dass d'Lag geséchert ass.

Spideeler op der Limitt
D'Urgence an de Schockraum vun der Klinik zu Graz sinn de Moment iwwerlaascht. D'Leedung vum Asaz huet de sougenannte MANV-System ausgeruff. Dobäi ginn all d'steiresch Klinicken alarméiert a mussen hir Kapazitéite mellen. Op der Onglécksplaz sinn 3 Helikopteren, ronn 160 Sanitäter an 30 weider Persoune mat 65 Gefierer am Asaz, fir der Lag Meeschter ze ginn. Et sinn zwee Zentere fir d'Betreiung vun de Betraffenen ageriicht ginn.

Éisträichesch Medie mellen donieft, dass de Bundeskanzler Christian Stocker, de Bildungsminister Christoph Wiederkehr an den Inneminister ënnerwee op d'Plaz wieren.

RTL

© AFP

Entretemps kommen aus Politik, Gesellschaft, Kultur a Sport Messagen, fir déi schrecklech Dot ze verurteelen a fir ze kondoléieren. De lokale Futtballveräin SK Sturm Graz huet op X dat heite gepost:

Leit, déi suizidär Gedanken hunn, kënnen Hëllef bei SOS Détresse um Telefon 45 45 45 kréien. All Informatioune fënnt een op www.prevention-suicide.lu.