Nom Amoklaf an enger Schoul am éisträichesche Graz huet d'Land den 10 Doudesaffer mat enger Trauerminutt geduecht.

Wéi d'éisträichesch Noriichtenagence APA mellt, hu sech e Mëttwoch de Moien um 10 Auer d'Kierchen am Land, dorënner och de Wiener Stephansdom, mat Trauergelauts bedeelegt. Souwuel de Ministerrot huet sech un d'Trauerminutt gehalen, wéi och den ORF, dee säin Tëlees- a Radiosprogramm ënnerbrach huet. An der Haaptstad Wien si gutt 900 Gefierer vum ëffentlechen Transport an där Minutt stoe bliwwen.

Wéinst der Tragedie huet d'éisträichesch Regierung eng Trauerzäit vun 3 Deeg ausgeruff. D'Fändelen op ëffentleche Gebaier sinn am ganzen Land op Hallefmast gesat ginn. De Bundeskanzler Christian Stocker huet vun enger "nationaler Tragedie" an enger "onfassbarer Dot". Zanter en Dënschdeg leeën d'Mënschen als Zeeche vu Matgefill an Trauer Blummen néier a maache Käerzen un.

En 21 Joer ale fréiere Schüler hat um Grazer "Oberstufenrealgymnasium" 10 Mënschen ëmbruecht, 11 blesséiert an huet sech um Enn selwer d'Liewe geholl. Medien hate spekuléiert, dass den Täter a senger Schoulzäit gemobbt gouf.

Wéi de Policedirekter Gerald Ortner sot, wier den Täter aus der Regioun Graz gewiescht. Hien hat beim Amoklaf zwou legal Schosswaffe benotzt, e Gewier an eng méi kleng Waff.

D'Motiv fir d'Dot an der Schoul mat ronn 400 Schüler ass awer nach onkloer. D'Police huet bei enger Perquisitioun beim Amokleefer doheem e Bréif fonnt, an deem hien Äddi gesot huet, an eng Rouerbomm, déi net funktiounsfäeg war. A sengem Bréif hätt den Täter vu Mobbing geschwat. Confirméiert gouf entretemps vun der Police, dass den Täter kuerz virun der Dot senger Mamm nach e Video geschéckt hätt, fir Äddi ze soen.

Dat jéngsten Affer war 14 Joer al, déi aner 9 Jugendlecher tëscht 15 a 17 Joer al. Donieft ass och eng 59 Joer al Léierin gestuerwen. Allen 11 Blesséierter sinn an engem stabillen Zoustand, heescht et aus de Spideeler vu Graz. De Poopst Leo XIV. huet sech zu Wuert gemellt an trauert mat de Famillen, den Enseignanten an de Schüler. Op der Instagram-Säit vum éisträichesche Bundeskanzleramt ass en Online-Kondolenzbuch fräigeschalt ginn.