Israel hëlt op en Neits déi iranesch Atomanlag Natans an d'Viséier. Trump fuerdert Ofkommes am Atomsträit an dréit mat méi Gewalt.

No den Attacken an der Nuecht op e Freideg huet Israel eng zweet Well vun Ugrëffer lancéiert. Explosioune gi gemellt an den iranesche Milliounestied Tabris a Schiras, grad esou wéi bei der Atomanlag vun Natans. E Porte-parole vun der iranescher Atomagence huet Schied un der ënnerierdescher Anlag confirméiert. Mat involvéiert an déi éischt Serie vun Ugrëffer war och den israeelesche Geheimdéngscht Mossad, deen eng Rei iranesch Loftofwiersystemer neutraliséiere konnt:

Trump dreet a fuerdert Ofkommes
Den US-President huet den Iran dozou opgefuerdert, en Ofkommes iwwert den Atomprogramm z'ënnerschreiwen. Nodeems et schonn esouvill Doud an Zerstéierung gouf, wier nach Zäit, dat Gemetzelt op en Enn ze bréngen, esou den Trump op Truth Social. "Iran muss en Deal agoen, éiert näischt méi iwwreg ass. Maacht et einfach, éier et ze spéit ass". Observateure ginn allerdéngs net dovun aus, dass den Iran sech fir eng diplomatesch Léisung decidéiere wäert.

Den Donald Trump schreift ausserdeem, hien hätt dem Iran ëmmer rëm eng Chance ginn, fir en Ofkommes ofzeschléissen. D'USA géifen déi beschten an déidlechst Waffesystemer vun der Welt bauen, an Israel hätt der vill a géif der och nach vill méi kréien.