Familljememberen no Air-India-Accident tëscht Freed a Leed

Den Hiren Kantilal, Cousin vun engem vun den Affer. / © AFP
D'Ongléck an der westindescher Stad Ahmedabad hat fir d'Famill vun de Bridder Vishwash an Ajay Kumar dramatesch Suitten, ma et gouf och e Fonken Hoffnung.
Ee vun de Bridder huet de Fligeraccident nämlech iwwerlieft.
"Mir si glécklech, dass de Vishwash gerett gouf, awer anerersäits brécht et eis d'Häerz wéinst dem Ajay", sou den 19 Joer alen Hiren Kantilal, e Cousin vun de Bridder am Interview mat AFP.
De Vishwash hätt nach en Donneschdeg sengem Papp ugeruff an erzielt, dass de Fliger, an deem hie souz, grad erofgefall wier. Hien hätt "iwwerall Blutt am Gesiicht" gehat a gesot: "Ech waarden nach op mäi Brudder. Ech weess net, wéi ech aus dem Fliger erauskomm sinn."
Spéider am Spidol hunn d'Elteren nach emol no hirem Fils gefrot, dësen hätt geäntwert, si solle "sech keng Suergen ëm hie maachen", ma versichen den Ajay Kumar ze fannen. D'Elteren hätten och effektiv kënnen op säin Handy uruffen, wéi de Cousin weider erzielt, ma et wier keen drugaangen. Nach méi spéit, wéi d'Fluchgesellschaften dunn déi éischt Meldungen erausginn hätten, wier hinne bewosst ginn, dass si e verluer hätten.
Lokal Medie hu gemellt, a beruffe sech dobäi op d'Passagéierlëscht, dass de Vishwash net wäit vum Noutausgang um Sëtz 11A gesiess hätt. Säi Brudder souz op der anerer Säit vun där Sëtzrei.
Am Spidol huet de 40 Joer alen an eenzegen Iwwerliewenden dem indesche Sender DD News erzielt, hie "kéint et selwer guer net gleewen, wéi et hi gelonge wier, do lieweg erauszekommen". Schonn "eng Minutt nom Start" hätt et sech ugefillt, wéi wann eppes net stëmmt. Kuerz drop wier d'Maschinn och schonn an d'Gebai gekraacht".
"Fir d'éischt hunn ech geduecht, dass ech gläich stierwen, awer wéi ech meng Aen nees opgemaach hunn, ass mir kloer ginn, dass ech nach liewen", sou de Vishwash Kumar weider. Videoopname weisen hien och kuerz no der Tragedie, wéi hien an engem bluttverschmierte bloen T-Shirt bei eng Ambulanz gehumpelt ass. Mat Verbrennungen an anere Verletzunge koum hien direkt an d'Spidol.
Virum Haus vun de Bridder, an engem klenge Quartier zu Leicester, hunn e Freideg sëllege Familljemembere versicht, Flich an Indien ze buchen. Vun der brittescher Regierung hätte si bis ewell nach keng Ënnerstëtzung kritt, kritiséiert de Cousin.
De Fliger vum Typ Boeing 787-8 Dreamliner, dee vun Ahmedabad sollt op London fléien, ass en Donneschdeg iwwert engem Wunnquartier, net wäit vum Fluchhafen ewech, erofgefall. U Bord waren 242 Persounen, dorënner 12 Crew-Memberen. Bei den 230 Passagéier vum Fluch AI-171 handelt et sech Air India no ëm 169 indesch Staatsbierger, 53 Britten, 7 Portugisen an 1 Kanadier. De Vishwash Kumar Ramesh ass deen eenzege Passagéier, deen iwwerlieft huet.
E Samschdeg de Moien hunn d'Autoritéiten den neiste Bilan presentéiert. Deemno sinn 279 Leit ëm d'Liewe komm.