"Awunner vun Teheran wäerte Präis bezuelen", sou Verdeedegungsminister Katz

© Menahem Kahana / AFP
No weidere Géigenattacke vum Iran huet den israeelesche Verdeedegungsminister annoncéiert, datt "d'Awunner vun Teheran de Präis" dofir wäerte bezuelen.
Israel huet seng Attacken op strategesch Ziler am Iran fir déi véiert Nuecht an der Suite weidergefouert. E Méindeg de Moien huet d'Arméi Ugrëff op Poste vu Buedem-Buedem-Rakéiten am Iran souwéi op eng Rei Kommandozentrale vun den iranesche Revolutiounsgarden an der Haaptstad Teheran gemellt.
Den Iran wiert sech iwwerdeem weiderhin. Bei Géigenattacken am Zentrum vun Israel e Méindeg de Moie sollen israeelesche Rettungsdéngschter no aacht Leit ëm d'Liewe komm sinn, 92 wiere blesséiert ginn. Eng Spriecherin confirméiert iwwerdeem, datt domat d'Zuel vun den Doudesaffer an Israel zanter e Freideg op 23 klëmmt.
Wéi den israeeleschen Noriichtesite "ynet" mellt, wieren dräi vun den Doudesaffer bei enger Attack op e Schutzraum zu Petach Tikva ëm d'Liewe komm. D'Arméi betount awer, datt ee sech bei Ugrëff trotzdeem weiderhin a private Schutzraim oder ëffentleche Loftschutzbunkere soll a Sécherheet bréngen.
Opname vun der Noriichtenagence AFP weisen ausgebrannt Wunnhaiser zu Tel Aviv a Bränn baussent der Küstestad Haifa. Zu Jerusalem, wou d'Loftofwier aktiv war, waren AFP-Journalisten no Explosiounen ze héieren.
Den israeelesche Verdeedegungsminister Katz huet iwwerdeem annoncéiert, datt "d'Awunner vun Teheran de Präis" fir d'Attacke wäerte "bezuelen - an zwar geschwënn".
Iran riicht presuméierte Spioun hin
Wärenddeem huet déi iranesch Justiz e weidere presuméierte Spioun higeriicht, wéi d'Noriichtenagence Misan matdeelt. Teheran no soll hie fir Israel spionéiert hunn. Verurteelt gi war de Mann dem islamesche Recht no wéinst "Krich géint Gott" a "Korruptioun op der Äerd". Et ass déi drëtt Hiriichtung bannent e puer Méint wéinst Spionagereprochen. De Mann war schonn Enn 2023 festgeholl ginn.