Méiglechen Impakt vu weiderer Eskalatioun wier ongewëss, sou de Xavier Bettel
"Et muss een alles maachen, fir datt et tëschent Israel an dem Iran zu enger Deseskalatioun kënnt", betount de Lëtzebuerger Ausseminister Xavier Bettel.
Hie war um Dënschdeg den Owend Invité am Journal op der Tëlee. Wa muer am Iran Atomanlage bombardéiert géifen, da wéisst een net, wéi en Impakt dat hätt, warnt de Xavier Bettel. An am Fall, wou d'USA sollten an de Konflikt agräifen, wier et ongewëss, wéi déi aner arabesch Länner géife reagéieren.
"Wéi grouss d'Gewiicht ass, dat Europa op eng Deseskalatioun kann hunn, hänkt dovunner of, ob mer eis eens sinn" esou de Chefdiplomat. Ganz dacks wier dat net de Fall an dofir wier de Poids vun der europäescher Aussepolitik dacks dee vun engem Stëbskär oder enger Cacahuète.
An der Regioun wieren den Ament iwweregens och Lëtzebuerger Residenten. An Israel iwwer 100, am Iran eng 10 bis 15.
Eng grouss Aktioun, fir déi Leit op Lëtzebuerg ze bréngen, gëtt et net, well bis elo keng Demande do ass. Am Iran hätt kee vun de Leit no Hëllef gefrot an an Israel wieren et manner wéi 5 Persounen. Hir Ausrees géif den Ament mat aneren EU-Länner koordinéiert ginn.
Duerch dëse Konflikt riskéieren de Krich an der Ukrain oder d'Leed a Gaza vergiess ze ginn. De Xavier Bettel seet, et kéint net sinn, datt Israel humanitär Hëllef géif blockéieren. Fir hie muss op europäeschem Niveau weider Drock op de Premier Netanjahu a seng Regierung gemaach ginn, mä och dat misst een zu 27 decidéieren.
Als Vizepremier huet de Xavier Bettel och kuerz op de Politmonitor reagéiert, wou hien op éischter Plaz ass an de Premier Frieden 10 Punkte verluer huet. Dat wier eng Momentopnam an als Vizepremier géif hien nach ëmmer voll hannert dem Koalitiounspartner stoen. Et géifen Ups an Downs ginn a wéinst engem Sondage géif een net de Koalitiounsprogramm a Fro stellen.