Premier Luc Frieden gréisste Verléierer, Xavier Bettel bleift op Plaz 1
De Premierminister Luc Frieden ass gréisste Verléierer am neiste Politmonitor, deen Ilres am Optrag vun RTL a Lëtzebuerger Wort realiséiert huet.
De Regierungschef an CSV-President verléiert am Verglach mat der Ëmfro am November/Dezember 2024 zejoert 10 Punkte bei Sympathie a Kompetenz a rutscht vun der 4. op déi 8. Plaz of. Hie ka sech nëmmen esou just am Klassement vun den éischten 10 halen.
Dora fënnt een iwwerhaapt wéineg Gesiichter vun de Chrëschtlech-Sozialen. Knapps virum Luc Frieden läit de Chamberpresident Claude Wiseler, dee sech déi 6. Plaz mat der LSAP-Fraktiounscheffin Taina Bofferding deelt.
Trotz Verloschter ass d‘DP mat fënnef Politikerinnen a Politiker am stäerkste vertrueden an den Topp 10. D‘Defenseministesch Yuriko Backes ass op der 10, op der Plaz 5 kënnt de Wirtschaftsminister Lex Delles hannert der Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer an dem Europadeputéierte Charles Goerens.
Ma och dee verléiert 5 Punkte bei Sympathie a Kompetenz.
Op déi éischte Plaz kënnt de Vize-Premier an Ausseminister. De Xavier Bettel gewënnt zwee Punkte bäi a steet bei 79 Prozent Zoustëmmung. Och d‘LSAP-Deputéiert a fréier Gesondheetsministesch Paulette Lenert kritt zwee Punkte bäi. Eng weider Politikerin aus der viregter blo-rout-grénger Regierung kann zouleeën.
Mat plus véier Punkte kann d‘Sam Tanson vun déi gréng hire Comeback an den Topp 10 vun de beléiftste Politiker feieren.
Vill Verloschter, e puer Gewënner
Alles an allem dominéieren d‘Verloschter awer bei dësem Politmonitor. Virun allem d‘Memberen aus der Partei vum Premierminister Luc Frieden verléiere Punkten, sief dat den Ëmweltminister Serge Wilmes (-7), den EU-Kommissär Christophe Hansen (-6), d‘Landwirtschaftsministesch Martine Hansen (-1), den Aarbechtsminister Georges Mischo (-5) oder d‘Ministesch fir Sécurité sociale Martine Deprez (-3).
De Finanzminister Gilles Roth an d‘Deputéiert Martine Kemp bleiwe par Rapport zu November 2024 stabel. Just den CSV-Fraktiounschef Marc Spautz kritt zwee Punkte bäi.
Eval Oppositioun
Beim Koalitiounspartner DP gewanne just den Ausseminister Xavier Bettel (+2), de Kulturminister Eric Thill (+1) an d‘Ministerin fir Digitaliséierung Stéphanie Obertin (+1). All déi aner verléiere Punkten.
Bei der LSAP ginn et mat Paulette Lenert (+2), Dan Biancalana, Francine Closener a Ben Polidori (all +1) Gewënner a mat Taina Bofferding (-4) a Marc Angel (-3) och Verléierer.
Nieft dem Premier Luc Frieden (-10) gëtt et en zweete grousse Verléierer: de Fernand Kartheiser vun der ADR. Hie verléiert 8 Punkte bei Sympathie a Kompetenz. Vu dass Ilres um Terrain bei de Befrote war wärend am Land iwwer dem Europadeputéierte seng ëmstridde Rees op Moskau diskutéiert gouf, ass eng Korrelatioun evident.
Déi gréng kënne sech zwar freeën, dass mat der Sam Tanson nees eng Politikerin aus hire Reien an den Topp 10 ass, mä hir Europadeputéiert Tilly Metz verléiert 7 Punkten.
Bei de méi klenge Parteie schneiden de Sven Clement vun de Piraten (+3) an de Marc Baum vun déi Lénk (+3) besser of ewéi nach am November zejoert.
D‘Resultater vum Politmonitor weisen, dass d‘Wielerinnen a Wieler kee besonnesch positiivt Bild vun de Lëtzebuerger Politiker hunn. Stéchwuert Mëttelméissegkeet. Eenzeg den Ausseminister Xavier Bettel stécht bei dëser Ëmfro iwwer Sympathie a Kompetenz ervir.
Pomo Eval Parteien
Schlecht Bewäertung fir Regierungsaarbecht
D‘Aktualitéit huet en Impakt op de Politmonitor: Sozialdialog an der Kris, kontrovers Diskussioune ronderëm d‘Pensiounsreform an de Logementsproblem.
D‘Aarbecht vun der Regierung gouf déi Kéier däitlech manner gutt bewäert wéi nach am November zejoert. Ganzer 40 Prozent vun de Befrote fanne se schlecht. Dovun 11 Prozent esouguer ganz schlecht. Un esou een negatiivt Resultat fir eng Regierung bei engem Politmonitor kann ee sech eigentlech net erënneren, ewéi d‘Manon Breden vun Ilres confirméiert. Weider 11 Prozent hunn zu der Aarbecht vun der Regierung keng Meenung. Net méi 61(11.2024) mä just nach 49 Prozent fanne se gutt, dovun awer bal d‘Hallschent nëmmen éischter gutt.
Trotz der allgemeng negativer Bewäertung fir de Premier Luc Frieden - seng Partei steet nach ëmmer geschlossen hannert him a senger Regierung - bewäerten 91 Prozent vun den CSV-Stammwieler d‘Regierungsaarbecht gutt. Beim bloe Koalitiounspartner sinn et 71 Prozent. Déi befrote Stammwieler vun LSAP, ADR a gréng soe mat grousser Majoritéit, dass si d‘Aarbecht vun der Regierung schlecht fannen.
Um Mëttwoch presentéiere mir Iech weider Resultater vum neiste Politmonitor. Dora geet et ëm d‘Probleemer, déi d‘Wielerinnen a Wieler am meeschte beschäftegen an ëm aktuell politesch Froen.
Gefrot goufen 1.024 lëtzebuergesch Residenten iwwer 18 Joer mat Stëmmrecht fir d'Legislativwalen. Duerchgefouert gouf de Sondage tëscht dem 18. Mee an dem 3. Juni.
Weider Detailer iwwer d'Method an de Questionnaire vun dësem Sondage fannt Dir op Alia.lu