Vun USA attackéiert Atomanlagen am Iran "komplett zerstéiert"
D'USA hu sech um israeelesche Krich géint den Iran bedeelegt. Dräi Atomanlage si vum US-Militär attackéiert ginn, esou den US-President Trump.
An der Nuecht op e Sonndeg eiser Zäit hunn d'USA dem US-President Donald Trump no Atomanlagen am Iran attackéiert. Et hätt een ee "ganz erfollegräichen Ugrëff" op dräi Anlage verüübt. Dorënner wier och déi ënnerierdesch Anlag zu Fordo, déi benotzt gëtt, fir Uran unzeräicheren, sou den Trump op senger Plattform Truth Social. Donieft wieren och d'Standuerter Natans an Isfahan attackéiert ginn. D'Operatioune wieren ofgeschloss.
Suivéiert d'Entwécklungen am Noen Osten an eisem Liveticker.
Iranesch Atomanlage "komplett zerstéiert"
Den US-President huet sech no den Attacken an enger Ried un d'Natioun geriicht. Hien huet präziséiert, datt et bei der Attack drëm gaange wier, fir déi nuklear Menace duerch de weltwäit gréisste staatleche Sponsor vun Terrorismus ze stoppen. Hien huet dann och den Iran als "de Mobber vum Mëttleren Osten" bezeechent. A senger Ried huet den Trump och matgedeelt, datt d'US-Militär déi "decisiv Anlagen, fir Uran unzeräicheren", am Iran komplett zerstéiert hätt. Den Iran misst sech elo fir de Wee vum Fridden decidéieren, anescht géif d'Land nach méi eng grouss Zerstéierung riskéieren, sou den US-President Trump a senger Usprooch un d'Natioun. Et géif nämlech nach aner Ziler ginn, déi een attackéiere kéint, wann den Iran net bereet wier, Fridden ze schléissen.
Iran confirméiert Attacken, genee Envergure u Schied nach net bekannt
Déi iranesch Atomenergieautoritéit huet confirméiert, datt d'Anlage Fordo, Natans an Isfahan attackéiert gi sinn. Dat wier eng Verletzung vum internationale Recht. Et wäert een net zouloossen, d'Entwécklung vun der Atomindustrie am Land ze stoppen.
Wéi staarkt d'Schied un den Atomanlagen am Iran sinn, ass nach net bekannt. Den US-President Donald Trump schwätzt vun enger kompletter Zerstéierung vun den Anlagen. Déi staatlech Noriichtenagence Irna behaapt dogéint, datt een Deel vum Beräich ëm d'Uran-Uräicherungsanalag Fordo beschiedegt gi wier. Et bestéing keng Gefor fir d'Bevëlkerung vu Ghom an déi Gebidder ronderëm, sou déi staatlech Noriichtenagence Irna, déi sech op d'Krisemanagementzentral vun der betraffener Provënz bezitt.
Teheran hat mat Attacken op d'US-Militär am Noen Osten gedrot, falls Washington an de Krich tëscht dem Iran an Israel agräife sollt.
Iraneschen Ausseminister dreet den USA
Den iraneschen Ausseminister Abbas Araghtschi huet no den US-Attacken op iranesch Atomanlage mat Konsequenze gedreet. "D'Entwécklunge vun haut de Moie sinn ongehéierlech a wäerten dauerhaft Suitten hunn", sou de Minister op der Plattform X.
Den UN-Generalsekretär António Guterres weist sech extrem besuergt. Dëst wier eng geféierlech Eskalatioun an eng direkt Menace fir de Fridden an d'Sécherheet an der Welt. Et misst een onbedéngt eng Spiral vu Chaos evitéieren. Et géing keng militäresch Léisung ginn. Den eenzege Wee no vir wier Diplomatie.
Gemëscht Reaktiounen aus den USA
Aus den USA selwer komme ganz gemëscht Reaktiounen. De republikanesche Leader am Senat, John Thune seet, hie géing hannert dem President Trump stoen. Ma och aus de republikanesche Reie kënnt Kritik, datt dëst Virgoe géint d'Verfassung géing verstoussen. Och vun den Demokrate kënnt déi Kritik. D'Alexandria Ocasio-Cortez schreift, dass dem Trump seng Decisioun eng grav Violatioun vun der amerikanescher Verfassung wier. Et ass nämlech um amerikanesche Kongress fir e Krich ze deklaréieren. Dëst wier een eendeitege Grond, fir eng Impeachment-Prozedur ze lancéieren an de President vu sengem Amt ze enthiewen.
E Sonndeg de Moien huet sech och de Lëtzebuerger Ausseminister Xavier Bettel op RTL-Nofro zu den US-Attacken op den Iran geäussert. Hien huet dozou opgeruff, fir nees un den Negociatiounsdësch zeréckzekommen.
Netanjahu lueft "couragéiert Decisioun"
Medieberichter no haten d'USA Israel virum Ugrëff iwwer hir Pläng informéiert. Den israeelesche Premier Benjamin Netanjahu huet d'Attacken als "couragéiert Decisioun" vun historescher Relevanz bezeechent. Den Trump hätt mat "grousser Stäerkt" gehandelt. D'Attacke wieren en Ament, deen zu Fridden a Wuelstand am Noen Osten féiere kéint. "President Trump, ech soen Iech Merci, d'Vollek Israel seet Iech Merci."
Israel an den Iran attackéiere sech zanter iwwer enger Woch schonn. Op béide Säite gëtt et ëmmer nees Doudeger a Blesséierter. Israel huet seng Attacken domadder erkläert, déi iranesch Féierung un der Entwécklung vun Atomwaffen hënneren ze wëllen.
Der Duerstellung vun der Regierung zu Teheran no huet den Atomprogramm friddlech Zwecker. Beméiunge vu westleche Staaten, de Konflikt ze entschäerfen, ware bis ewell net erfollegräich.
Engem Rapport vun der internationaler Atomenergie-Agence (IAEA) no hat den Iran säi Bestand vun op 60 Prozent ugeräichertem Uran an de leschte Méint staark an d'Luucht gesat. Fir de Bau vun Atomwaffe gëtt Uran, deen op knapp 90 Prozent ugeräichert ass, gebraucht.
D'Atomanlag Fordo läit ronn 100 Meter déif am Buedem an ass domadder fir israeelesch Bommen net erreechbar. Experten no hunn nëmmen d'USA "déi konventionell Méiglechkeeten", fir esou Anlage mat Bomme vum Typ GBU-57 ze zerstéieren. Dës Bomme kënnen och Bunkeren zerstéieren.

© AFP