E Sonndeg de Moien huet sech de Lëtzebuerger Ausseminister Xavier Bettel op RTL-Nofro zu den US-Attacken op den Iran geäussert.

D'USA hu sech an der Nuecht op e Sonndeg offiziell a mat voller Force an de Konflikt tëscht Israel an dem Iran agemëscht. Dat amerikanescht Militär huet 3 Atomanlagen am Iran attackéiert an hiren Informatiounen no komplett zerstéiert. Déi genee Envergure vun dëser Attack ass nach net kloer. Ma op alle Fall goufen Natans, Isfahan an och déi ënnerierdesch Struktur zu Fordo attackéiert, déi jo benotzt gëtt fir Uran unzeräicheren an déi 100 Meter ënnert der Äerd läit. Dës wier mat sou genannte "Bunkerbriecher"-Bommen attackéiert ginn, déi Experten no just d'USA besëtzen.

Fir de Lëtzebuerger Ausseminister Xavier Bettel ass et ganz schwéier anzeschätzen, wat elo de Risiko vun enger weiderer Gewaltspiral ass.

Extrait Xavier Bettel

"Et ass eng Regioun, déi vill Krich a vill Krisen och kannt huet. Déi eenzeg Saach, déi mir wierklech kënne maachen, ass, all d'Acteuren opzeruffen, ob dat den Iran, Israel oder d'USA sinn, opzehalen an eng Negociatioun zouzeloossen. Ech muss nach eng Kéier rappelléieren. Den Noen Osten kann net nach méi Gewalt an nach méi Krich gebrauchen zu engem Ament am Fong wou mer alleguer zesumme probéieren, de Krich a Gaza endlech op en Enn ze bréngen an déi humanitär Katastroph, déi fir 2 Millioune Leit amgaangen ass, ze stoppen. Och wat d'Repercussioune si vun Attacken op d'Nuklear-Infrastrukturen, dat weess och keen." 

Déi komplett Reaktioun vum Lëtzebuerger Ausseminister Xavier Bettel
@rtl.letzebuerg An der Nuecht op e Sonndeg eiser Zäit hunn d'USA dem US-President Donald Trump no Atomanlagen am Iran attackéiert. Et hätt een ee "ganz erfollegräichen Ugrëff" op dräi Anlage verüübt. Fir de Lëtzebuerger Ausseminister @x.bettel ass et ganz schwéier anzeschätzen, wat elo de Risiko vun enger weiderer Gewaltspiral ass. #Iran #USA #US#Israel #RTL #RTLcity #rtlluxembourg #rtllëtzebuerg #Luxembourg #Lëtzebuerg #XavierBettel ♬ original sound - RTL Lëtzebuerg

Den israeelesche Premier Benjamin Netanyahu huet d'Attacken als couragéiert an historesch Decisioun bezeechent.

Den iraneschen Ausseminister Araghtschi huet op X vun ongeheierlechen Incidente geschwat, déi dauerhaft Konsequenze wäerten hunn.

Den UNO-Generalsekretär António Guterres weist sech extrem besuergt. Dëst wier eng geféierlech Eskalatioun an eng direkt Menace fir de Fridden an d'Sécherheet an der Welt. Et misst een onbedéngt eng Spiral vu Chaos evitéieren. Et géing keng militäresch Léisung ginn. Den eenzege Wee no vir wier Diplomatie.

Aus den USA selwer komme ganz gemëscht Reaktiounen. De republikanesche Leader am Senat, John Thune seet, hie géing hannert dem President Trump stoen. Ma och aus de republikanesche Reie kënnt Kritik, datt dëst Virgoe géint d'Verfassung géing verstoussen. Och vun den Demokrate kënnt déi Kritik. D'Alexandria Ocasio-Cortez schreift, dass dem Trump seng Decisioun eng grav Violatioun vun der amerikanescher Verfassung wier. Et ass nämlech um amerikanesche Kongress fir e Krich ze deklaréieren. Dëst wier een eendeitege Grond, fir eng Impeachment-Prozedur ze lancéieren an de President vu sengem Amt ze enthiewen, sou d'Alexandria Ocasio-Cortez.

Wéi déi international Atomenergie-Agence IAEA e Sonndeg de Moie matgedeelt huet, wiere bei den US-Bombardementer am Iran keng Stralunge fräigesat ginn. 
De Chef vun der IAEA Raffael Grossi huet donieft eng urgent Krisesëtzung aberuff, fir iwwer d’Lag am Iran ze beroden.