Eng Hëtztwell steiert op Europa duer. Et soll esou waarm gi wéi nach ni. Besonnesch Italien, Kroatien a Spuenien wäerten am meeschten drënner leiden.

Schonn dës Woch gouf op ville Plazen nei Hëtztrekorder opgestallt, zum Beispill an Éisträich, wou et plazeweis 38,3 Grad waarm war. Gemooss zu Kärnten. Dat ass déi héchst Temperatur am Juni, zanter dem Ufank vun den Opzeechnungen do, sou de Meteorologe Marcus Wadsak. Et war och eng alleréischte Kéier 11 Deeg um Stéck iwwer 30 Grad.

A Südtirol war et deels esou waarm ginn, dass de Makadamm op den Autobunnen ugefaangen huet, ze schmëlzen. Un e weiderfueren, war net ze denken a vill Leit stounge stonnelaang tëscht Vicenza a Verona am Stau.

D'nächst Woch soll et nach emol extrem waarm ginn.

Verschidde Balkan-Staate warne virun der Hëtzt. Bis zu 41 Grad soll et an den nächsten Deeg ginn, sou bosnesch Autoritéiten. Et gëtt vun all Aktivitéit am Fräien ofgeroden an et soll een besonnesch no Risikogruppe kucken, wéi no eelere Mënschen oder klenge Kanner.

A Kroatien, wou duerch Bëschbränn un der Südküst de Weekend nach Dosenden Haiser zerstéiert goufen, ass een an Alarmbereetschaft. Dee selwechte Problem huet Albanien, wou Pompjeeën zanter 24 Stonne probéieren, 8 Bränn ënner Kontroll ze kréien. Da ginn a groussen Deeler vu Serbien Temperature vu bis zu 39 Grad erwaart, däitlech iwwer dem Duerchschnëtt fir dës Joreszäit.

Wien et och nach hefteg trëfft, ass Spuenien.

De Wiederdéngscht mellt, dass e Samschdeg a ville Regiounen tëscht 40 an 42 Grad méiglech sinn. Op Mallorca goufe virdru scho Wäerter knapp ënner 40 Grad gemooss, am Juni.

D'Hëtztwell soll e Sonndeg an e Méindeg hiren Héichpunkt erreechen, eréischt dono ginn d'Temperaturen nees no an no erof.

Wéi ee richteg mat der Hëtzt ëmgeet, kënnt Dir an eisem Artikel noliesen.