Musel-Schleis no Accident mat Schëff bis e Sonndeg zou

© Polizei Rheinland-Pfalz
Kuerz nodeems e Passagéierschëff e Mëttwoch eng Paart vun der Schleis zu St. Aldegund ze pake krut, ass en anert Schëff an eng Bréck op der Musel geknuppt.
Op der Musel ass nees e Schëff an eng Schleis gerannt. E Passagéierschëff krut e Mëttwoch eng Paart vun der Schleis zu St. Aldegund bei Cochem ze paken. Dobäi goufen dräi Persoune blesséiert, d'Schëff konnt nach zerécksetzen. De Schued ass allerdéngs grouss. D'Paart huet sech verbéit a funktionéiert net méi. D'Anlag wier esouguer därmoosse futti, dass se wuel ersat muss ginn. D’Schëfffaart an deem Beräich ass zanterhier gestoppt.
Déi genee Auswierkungen op d’ganz Musel si bis ewell nach net kloer, dierfte sech awer dës Kéier a Grenzen halen, seet de Gilles Braquet, Direkter vu Luxport, déi de Mäerter Hafen geréiert.
"D'Schleis wäert bis e Sonndeg aktuell blockéiert sinn. Dat huet en Impakt op eng handvoll Schëffer, déi entweder sollen op Mäertert kommen, fir hei Material z'entlueden oder et sinn och Schëffer derbäi, déi sollen op Mäertert kommen, fir hei nees belueden ze ginn an da bei de Client ze fueren. Aktuell si mer optimistesch, datt et d'nächst Woch nees lassgeet an dann hätt et e minimalen Impakt op d'Schëfffaart am Hafen Mäertert."
Luxport steet den Ament mat de Clienten a Kontakt an et hofft een zu Mäertert, datt een e Freideg méi kloer gesäit, ob de viséierten Timing effektiv agehale ka ginn oder net. Den Austausch mat den däitschen Autoritéite wier allzäit ganz gutt, sou de Gilles Braquet.
Schëff rennt a Schleis op der Musel
Op der Musel ass nees e Schëff an eng Schleis gerannt. E Passagéierschëff krut e Mëttwoch eng Paart vun der Schleis zu St. Aldegund bei Cochem ze paken. Den däitschen Verkéiersminister Patrick Schnieder wëll alles dru setzen, fir d’Musel sou séier et geet nees befuerbar ze maachen. Hien wäert en Donneschdeg den Owend och selwer op d’Plaz kommen.
Réischt am Dezember war e Schëff an d'Schleis zu Müden geknuppt. De Schëffstraffic op der Musel war doduercher gutt zwee Méint perturbéiert.
Weideren Accident op der Musel um selwechten Dag
Nodeems d'Passagéierschëff eng Paart vun der Schleis zu St. Aldegund gerannt ass, koum et op der Musel zu engem weideren Accident. Bei Treis-Karden wier der Police no e Kabinneschëff an eng Bréck gerannt. D'Plaz tëscht der Waasseruewerfläch an dem Bréckebou wier net duergaangen.
110 Passagéier a 27 Crew-Membere waren u Bord, wéi d'Schëff an d'Bréck gerannt ass. Zwee Membere vun der Crew wiere blesséiert an an e Spidol bruecht ginn, heescht et weider vun der Police. No Analysen vum Landesbetrib Mobilitéit huet de Verkéiersministère zu Mainz Entwarnung fir d'Bréck ginn. Un der Bréck wier kee gréissere Schued entstanen, huet d'Verkéiersministesch Daniela Schmitt matgedeelt. D'Notzung wier weiderhi méiglech.